
All Kand kennt jo de Bridder Grimm hiert Märchen "Tischlein deck dich"! No deem Prinzip feiere mir och dëst Joer den 20. Gebuertsdag vun der Bäckerei Jos & Jean-Marie! Ronderëm all 20. vum Mount gëtt ëmmer op enger anerer Plaz e groussen Dësch gedeckt mat elauter leckere Saachen aus der bekannter Bäckerei, déi een da sur place ka schmaachen a super Präisser gewannen. Haut ass dat bei hirer Produktioun zu Mäerzeg an de Camille Ney mellt sech elo live vun do...
Maacht Iech also haut nach op Mäerzeg, loosst Iech verwinnen a mat e bësse Chance sidd Dir dann ee vun eisen 3 Gewënner vun deem formidabele Sonndesdësch am Wäert vun all Kéier 250 €! A fir all déi Spezialitéite vu Jos & Jean-Marie ze entdecken, surft einfach op jjm.lu