Happy Birthday Bäckerei Jos & Jean-Marie - dee sympathesche Familljebetrib vu Mäerzeg feiert an Dir kritt d'Kaddoen! Zanter enger Stonn gitt Dir jo schonn op hirem Produktiounssite verwinnt a jiddereen, deen haut dohi kënnt, ka jo net nëmme sur place degustéieren, mee och mat engem QR-Code op de Produkter e komplette Sonndesdësch am Wäert vun 250 € gewannen. An de Camille steet elo bei deem Dësch, deen d'Bäckerei Jos & Jean-Marie extra fir Iech gedeckt huet...

20/01/2022 20 Joer J&J (11h15)

Loosst Iech also haut nach zu Mäerzeg verwinnen a mir ginn Iech och scho Rendez-vous fir weider flott Aktiounen op RTL.LU am Kader vu Vältesdag an den 18.2. heescht et dann nees "Tischlein deck dich" hei op der Antenne. Wou dat ass, dat soe mir Iech natierlech schonn déi Deeg virdrun!