Gëtt et méi eng bekannt Kannerbuch-Schrëftstellerin wéi d'Astrid Lindgren? Wéi vill Figuren huet d'Schwedin an d'Liewe geruff? D'Pippi Langsrummpf, de Michel vun Lönneberga (deen iwréiens am Original Emil heescht awer wéinst der Verwiesslungsgefor mam 'Emil und die Detektive' am Däitschen Michel genannt gouf. Dann Kalle Blomquist, Ronja Räubertochter, Karlsson vom Dach, d'Kanner vu Bullerbü. Déi Fra mat der wonnerbarer Fantasie ass virun 20 Joer gestuerwen.

28/01/2022 Op den Dag: Doudesdag vum Astrid Lindgren