Déi meescht Meedercher erliewen hir Menstruatioun mat gemëschte Gefiller. Et ginn der déi sech drop freeën, dass se net méi Meedchen ma endlech Fra sinn, anerer si veronséchert an ängschtlech, fannen et net agreabel a fillen sech an hirer Fräiheet ageschränkt. Ma sécher ass et en Thema dat wëll ugeschwat ginn.

25/01/2022 Projet Normally

Genee dat hunn sech eng Partie Meedercher aus dem Lycée Technique zu Lalleng aus der Klass 1TPCM och geduecht an hunn e Projet entwéckelt, deen d'Schüler, Meedercher, esou gutt wéi och Jongen doranner sensibiliséiere soll.

Am Numm Normally verstoppen sech d'Ufangsbuschtawe vun de Virnimm, nämlech Nora, Maeva Marceline a Lynn. Den zweete Punkt ass dass d'Wuert Normal dra vir kënnt, also soll och d'Menstruatioun als "Normal" ugeholl ginn. Si hu speziell Këschten op den Toiletten opgehaangen, déi als Noutfall funktionéieren, wann e Meedchen eng éischte Kéier seng Reegel kritt, an näischt derbäi huet.

Aktuell gëtt och dru geschafft, dass de Projet Normally weider besteet, nodeems d'Meedercher hir Première gepackt hunn. D'Schülerinne solle weider vun den hygienesche Produite profitéieren. But ass et fir eventuell och an anere Schoulen eng kleng Inspiratioun mat op de Wee ze ginn. 

RTL

© pixabay