D'Krawatt setzt dacks dem elegante Look d'Kroun op. Se steet hautdesdaags fir Eleganz a Professionalitéit, mee wéi kënnt et iwwerhaapt dozou, dass mir einfach e Stéck Stoff ëm den Hals droen? De Jeff Rossler huet sech d'Geschicht vun der Krawatt mol méi genee duerchgelies.

25/01/2022 D'Geschicht vun der Krawatt (Internet)

Déi éischte Kéier, wou een esou eppes wéi eng Krawatt gesinn huet, war 200 no Christus am réimesche Räich. Op der Colonna Traiana, eng Eieresäil zu Roum, ass e réimesche Legionär ofgebillt, deen e Léngent Duch ëm den Hals gedroen huet. Wat dekorativ ausgesäit, ass deemools awer héchstwarscheinlech als Schutz virun der Keelt an als Duch fir d'Nues ze botze benotzt ginn. D'Wuert "Krawatt" kënnt awer aus Frankräich aus dem 17. Joerhonnert a vun do aus huet sech d'Krawatt an Europa verdeelt. Dat franséischt Wuert "cravat" ass vun "la croate" ofgeleet, well kroatesch Offizéier en Halsduch aus Seid unhaten, fir dass een am 30järege Krich besser tëscht Frënd a Feind ënnerscheede konnt.

Eréischt um Enn vum 19. Jorhonnert ass d'Halsduch zu der Krawatt iwwergaangen an huet Gefalen an de Kreesser vun Adelegen a räiche Leit fonnt. Se goufen an England immens beléift, well se bei Veräiner a Schoulen bei der Uniform gedroe goufen. 1924 hat de Schneider Jesse Langsdorf a New York der Krawatt den Design ginn, esou wéi mir en haut kennen. Et huet een do och ugefaange verschidde Kniet ze bannen. Nom zweete Weltkrich goufen se dann esou richteg beléift, d'Krawatt gëtt vu Mannequinen um Catwalk gedroen an et huet een se souguer bei Rock- a Punk-Fans gesinn.

Dat Komplizéiertst un der Saach ass wuel ëmmer de Knuet. Experten no, kéint een eng 85 verschidde Variante fannen, fir eng Krawatt ze bannen, mä do kann een och alt méi schlecht maache wéi gewollt. Dofir bleiwen déi meescht bei e puer vun de Standardkniet wéi z.B. de Four-in-Hand oder de Windsorknuet. Fir d'Police, Sécherheetsbeamten a Beruffer, wou et dacks zu engem Iwwergrëff komme kann, ginn et mëttlerweil awer och Clip-Krawatten, déi einfach un de Col gestach ginn an d'Gefor um Erwiergen mat der Krawatt mol aus dem Wee ass.

Krawatte goufen ëmmer éischter als Symbol vun der Männlechkeet ugesinn, well se sech an der Dammemoud net esou gutt duerchgesat hunn. Ma ëm 1900 hu Fraerechtlerinne z.B. dacks Krawatten ugedoen, als Zeeche, dass se fir d'Gläichberechtegung kämpfen.