
© Buchen- Naturwaldreservat©HFN C.Felten
Claudine Felten: Et ass mol einfach esou, datt ongeféier en Drëttel vun eise Bëscher a ganz Westeuropa Buchebëscher sinn. Déi sinn och als Habitat geschützt, well et einfach de natierleche Liewensraum ass, dee vun Natur aus op deene Plaze virkënnt. Doduerch huet sech eng ganz speziell Gemeinschaft un Aarten ugesammelt.

© Buchenkeimlinge ©HFN C.Felten
D'Bich ass net ouni Grond esou dacks ze fannen. De Bam ass nämlech net alt ze wieleresch wou e steet.
Claudine Felten: Bon déi eng Erklärung ass eben, dass se vun Natur aus gutt un eist Klima ugepasst ass. Si huet et net gären ze dréchen an och net gär ze kal. Do sinn eben déi meescht Plazen hei an Europa ideal geeegent dofir. Dann ass et op der anerer Säit awer och esou, dass Buchenholz ganz laang ganz vill gefrot war, haaptsächlech als Brennholz, fir ze hëtzen. Et ass ganz vill gebrauch ginn an doduerch ass se duerch d'Forstwirtschaft gefërdert ginn.

© Buchenblätter©HFN C.Felten
De Klimawandel mécht deem Ganze grad awer e bëssen e Stréch duerch d'Rechnung. De Buedem ass mëttlerweil dacks ze dréchen, sou dass de Beem d'Waasser feelt. Se verdréchnen a stierwen zum Deel of.
Claudine Felten: Am Bëschbild gesäit een eben datt doudeg Krounen dra sinn. D'Franséisch Forstverwaltung hu fir sou Zukunftsprognosen Modelisatioune gemaach. Do gëtt et z.B. eng wou se kucken, wéi d'Buch am Joer 2100 verbreet ass. Am Géigesaz zu lo, wou se a ganz Frankräich vertrueden ass, koum se nëmme nach an de Bierger vir, an den Alpen oder an de Vogesen. Soss si se do eigentlech net méi do.
Dat wier da virun allem Schued, wann ee bedenkt, wéi vill Déieren an dëse Beem en Doheem fannen, wéi d'Flantermeis, d'Beien a verschidde Marderen.

© Blutbuche - eine Variante der Rotbuche ©HFN C.Felten