Dir hutt d’Informatioun vun Oxfam bestëmmt matkrut. Di räichst vun deene Räichen hunn hiert d’Kapital wärend der Pandemie konnte verduebelen.

En anere „Winner“ vun der Pandemie ass di brittesch Nobel Mark Rolls Royce. Déi hunn am Joer 2021 esou vill Luxus Limousinne verkaf wéi nach ni virdrun.
De Christian Schmit mat Detailer, an dee wollt och wësse wéi dat fonctionéiert wann een hei am Land e Rolls Royce wëll.

28/01/2022 Bei Rolls Royce op Besuch, a mat engem ënnerwee (MAT USO)

RTL

Rolls Royce, Sënnbild fir Luxus par excellence. Schonn de Sir Henry Royce huet et sengerzäit esou formuléiert. „Take the best, and try to make it better. (Huel dat Bescht, a versich et besser ze maachen)

Rolls Royce Motor Cars huet 2021 schéngt es alles richteg gemaach, wëll mat 5586 verkaafte Rolls Royce huet en dat bescht Resultat zënter 1905, dem Grënnungsjoer. Genee 49 % méi wéi 2020, e phänomenaalt Resultat.

China, Honkong, Amerika, an Asia Pacific gi genannt, awer och vill aner Länner ronderëm de Globus.

Mir beweegen eis hei am Beräich vun de Superlativen, kee Modell kascht manner wéi 250 000 Euro. 

A bei eis zu Lëtzebuerg? Wou muss ech hin wann ech de Lottogewënn oder eng generéis Ierfschaft a Rolls Royce wëll ëmmënzen?

Abbé e Rolls Royce Showroom gëtt et bei eis net. Et steet, egal wéi, en Deplacement um Programm. Bréissel oder Köln. Mee fir esou en „Appointment“ also Rendezvous zu kréien, dat ass guer net esou einfach.

Et ass een och net schrecklech presséiert fir iech ze empfänken, well egal fir wéie Modell e sech géif decidéieren, esou séier géif dat trotz Budget näischt mam Luxus Liner an der Garage?

Bestellungen bis an 3. Quartal 2022 si schonn notéiert an de Bicher. Fir ganz spzeiell Wënsch ginn 2 Joer Liwwerzäit annoncéiert.

Also vläicht dann kee Neien, mee eng gutt Occasioun? Bei der brittescher Nobel Mark schwätzt een da vum Provenance Programm.

Mee och hei ass d‘Auswiel ganz modest. Zu Ierseng bei Auto Lux Concept sollt ech da nawell mäi Gléck fannen.

Hei ass e spezialiséiert op Dram Autoen, an op Clientë wou de Budget kaum eng Roll spillt.

Hu Rendezvous-vous mam Valentin Genet

Deen hätt e Rolls Royce fir eis.

La Rolls Royce Wraight, c'est le Coupé de chez Rolls Royce qui existe depuis 2014, et qui a été lancé hors options, parce que le client peut tout  personaliser à partir de 280 000 Euros. C'est un V12 avec 632 chevaux.

Produktportfolio, aussergewéinlech moossgeschneidert Offeren an Individualiséierung sinn a bleiwen Tromp, an erklären den Erfolleg?

C'est une étape importante pendant l'achat , car cela peut prendre des jours entiers avec le commercial de la concession. On peut tout personaliser, jantes, couleurs et une sellerie qui se diffère du classique. Chaque exemplaire une voiture unique.

D’Pandemie an hir gesondheetlech Konsequenzen hunn dofir gesuergt dass d’Millionären a Milliardären sech eppes gënne wëllen. A firwat net dann den ultimative Luxus vun engem Rolls Royce mam Emily um Küler.

C'est la dynamique du luxe. Le luxe ne connaît presque jamais la crise, maintenant avec la valeur que les voitures prennent, c'est un refuge comme de l'or. Certains clients le voient comme un investissement long terme pour y avoir un objet unique.

Just grad emol 15 Kilometer souz ech hannert dem Volant vum 250 000 deiere Rolls Royce Wraight. An dach, „A real pleasure“

A mat Spectre leeft d’Entwécklung am Home of Rolls Royce zu Goodwood an England op Héichtouren, fir Enn 2023 dann deen éischte reng elektresche Rolls Royce ze presentéieren.