
© Pixabay
Mir verbrénge ronn een Drëttel vun eisem Liewen am Bett. Dofir ass et wichteg, dass mer eng Schlofkummer hunn, an där mer eis wuelfillen. Propper soll et sinn a geraumt, awer och d'Faarf respektiv d'Faarwen un de Maueren spillen eng wichteg Roll.
Den Design, de Geroch an d'Geräischkuliss an der Kummer hunn Auswierkungen op eise Schlof an d'Schlofqualitéit hänkt och vun der Faarf un der Mauer of. Et soll eng gutt Atmosphär geschafe ginn, fir Rou ze fannen a sech wuel ze fillen. Dobäi ginn et Faarwen, vun deenen een d'Fangere vu vir eran soll ewech loossen, seet de Rudy Thielen vum Steinhäuser.
"Mof ass en opreegende Faarftoun. De Kreeslaf, eise Stoffwiessel an den Immunsystem ginn aktivéiert, dat ass net optimal wann ee gutt schlofe wëll. Schwaarz verbreet d'Gefill vun Trauregkeet, dovunner ass also och ofzeroden. Bei Rout muss een ënnerscheeden: däischter Routtéin vermëttelen Rou a Entspanung, hell a liichtend Routtéin stëften Onrou an halen eis vum schlofen of. Grell-Orange a Grell-Giel vermëttelen d'Energie vun der Sonn a sinn dofir och net gutt fir zur Rou ze kommen.Allgemeng sollt een ze vill Duercherneen vermeiden well dat Onrou stëft. Dat zielt esouwuel bei de Faarwen, ewéi och bei der Deko an der Ariichtung."

© Pixabay
Fir d'Schlofzëmmer soll ee Faarwe wielen, déi berouegend wierken.
"Fir d'Schlofzëmmer soll ee Faarftéin wielen, déi berouegend op eis wierken. Ewéi bei engem Brong- oder Beige-Toun soll een ëmmer en hellen Toun auswielen. Déi loossen de Raum méi grouss wierken an da fillt ee sech net ageengt. Pastellfaarwen, zum Beispill Hellblo, gi vum Aen als entspanend Signal un d'Gehier geschéckt. Eis Häerzfrequenz geet erof an et kann ee gutt aschlofen. Hellrosa ass och ee Faarftoun, op deen de Kierper relativ geloossen reagéiert an Aggressiounen ofbaut an eis domadder gutt schlofe léisst. Hellgréng wierkt regeneréierend op eisen Organismus an hëlleft eis esou eis Kraaftreserven erëm op ze tanken."

© Pixabay
Net ze vernoléissegen ass och d'Qualitéit vun Faarf, déi an dat Zëmmer kënnt, an deem mer eis sollen erhuelen. Si huet e groussen Afloss op eis Gesondheet. Et sollt een oppassen, dass ee Faarwe wielt, déi mat natierleche Komponenten nohalteg produzéiert ginn.
"Da kann ee sécherstellen, dass d'Raumloft net beanträchtegt gëtt an ee Gefor leeft, doduerch eventuell krank ze ginn."
A wie sech seet "Raumklima, Faarwen, alles net wichteg, ech hunn d'Aen jo souwisou zou", deem sief gesot: déi ënnerbewosst Wierkung op eisen Organismus ass net ze ënnerschätzen.
"Liichtempfindlech Hautsensoren huelen d'Faarfinformatiounen op. 99 Prozent vun de Faarfinformatiounen, mat deene mir konfrontéiert ginn, verschafft eist Gehier onbewosst. Faarf-Fuerscher behaapten esouguer, dass d'Faarwen biochemesch a physikalesch Prozesser an eisem Kierper beaflossen."

© Pixabay
An engem sinn d'Experte sech eens: de Feng Shui, deen et schonn zanter iwwer 3000 Joer gëtt, ass och haut nach aktuell.