Et ass net vun der Hand ze weisen, dass et méi einfach ass Chilli, Auberginne oder Physalis aus dem Supermarché matzebréngen, awer et huet och eppes wann een op sech houfreg ka sinn, dass een déi selwer doheem a senge 4 Maueren gezillt huet. Et brauch een natierlech vill Gedold, well dat brauch e puer Méint bis een dovunner profitéieren kann, an et duerf een näischt falsch maachen. Eise Gaardenexpert Jeannot Lacour gëtt eis direkt e puer gutt Rotschléi mat op de Wee, zum Beispill dee vum richtege Buedem.

De Buedem ass ganz wichteg. Do soll ech keen Blummebuedem huelen, deen ech nach vun de Geranien vum Summer hunn, oder iergend e Buedem deen ech nach am Keller hunn. Do ass ze vill Dünger dran. De Problem ass, dass wann ech e Buedem huelen deen iwwerdüngt ass, séien ech do drop. De Som dee keimt, mécht kleng Wuerzelen an déi verbrennen direkt. Et soll een neutrale Buedem huelen, dee kritt een an de Geschäfter. Neutrale Buedem wou ganz ganz wéineg bis guer keen Dünger dran ass, bis dass déi Wuerzelen  sech richteg gebilt hunn, an dann kann een op en anere Buedem histeieren, well Planzen brauchen natierlech Närstoffer also Dünger.

25-01-2022 Gaardentipps - Jeannot Lacour - Geméis an Uebst séien

An och déi Saach mam netzen ass eng Konscht. Genuch, awer ëm Gottes Wellen och net ze vill. De Jeannot hëlt dofir keng Géiss mä eng Sprutz.

Do ginn et jo déi Mëttelen fir d'Fënsteren ze botzen, déi sou sprëtzt. Ma sou eng Sprutz soll et sinn, natierlech ouni Produit dran. Et kritt een jo neier ze kafen wou nach näischt dran war. Déi drëtt Saach wou dacks nach Feeler gemaach ginn. Wann ech sou Minizären hunn, do ass et ganz wichteg, dass ech all zweeten bis drëtten Dag eng Kéier den Deckel oder de Plastik ewech huelen, dat ganz duerchlëften loossen. Éischtens entsteet do Kondenswaasser, dat drëpst permanent erof an de Buedem an dat ginn Lächer. Wann do de Som ass, dee keimt einfach net, an zweetens wat vill méi geféierlech ass. Duerch déi grouss Loftfiichtegkeet an déi Temperatur do ënner dem Deckel oder dem Plastik ass, kann sech e Pilz iwwer dem Buedem festsetzen.

25-01-2022 Gaardentipps - Jeannot Lacour - net ze vill naass halen