Do gëtt an dësem Episod mam Shari Schenten en Ausfluch an d'Welt vun de "Fantas-Serien" gemaach.

28/01/2022 Serie iwwer Serien

Zënter 2019 ass déi legendär Serie Game of thrones eriwwer a säitdeem ass e rise Lach an der Welt vum Genre vun de Fantasy-Serien. D’Shari Schenten presentéiert zwou Serië fir all d’Fantasy-Fanen. Ganz iwwerzegee kënne se awer net...

2019 koum op Netflix The Witcher, an zënter dem 17. Dezember ass déi 2. Staffel ze gesinn. D’Serie baséiert um polnesche Schrëftsteller Andrej Sapowski senger Geralt-Saga an ass e rise globale Succès, obwuel et genuch Kritikpunkte ginn:  d’Geschicht ass schlecht a chaotesch erzielt, d’Dialoge si banal an et ass ee scho méi am Genre vun Action-Superhelden.

Mat the Wheel of Time huet Amazon Prime dann och lo de Fantasy-Genre bedéngt, d’Serie kann awer wéineg iwwerzeegen. Virun allem ginn et an der Geschicht ze vill Elementer, déi ee schon 100 Mol gesinn huet an einfach net originell sinn: De Béisen, den Dark Lord, kënnt zréck, mä et gëtt eng Prophezeiung: e Kand, dat virun 20 Joer gebuer gouf, kann d'Welt retten... Donieft sinn d’Special Effects net zäitgeméiss an de Schauspillercast iwwerzeegt och net ganz.
Originell ass dogéint awer, datt de Fokus op de Frae läit. An dëser Welt sinn d'Fraen, déi magesch Kräften hunn an d'Welt beschützen.

Trotz de Schwächten an dësen zwou Serien, wäerte Fantasy-Fanen awer hire Spaass drun hunn.

Fir d'Joer 2022 gëtt et awer Hoffnung op richteg Highlighten. Fir all déijéineg, déi nach net iwwer Game of thrones ewechkomm sinn, kënnt dann endlech de Spin-off House of the Dragon eraus Et ass e Prequel, d'Serie spillt 200 Joer viru Game of thrones a behandelt d'Geschicht vun den Targaryen.

Am Trailer gesäit een de Matt Smith, deen den Dr. Who scho mol gespillt huet a virun allem ass en an The Crown bekannt ginn, do huet en an den éischten zwou Staffelen de Prinz Philipp verkierpert.
Et hätt och nach en zweete Spin-off op Amazon Prime solle kommen, dee gouf no der Pilot-Folleg, déi 30 Milliounen Dollar kascht huet, awer direkt annuléiert.

Den zweeten Highlight vum Joer gëtt dann d'Lord of the Rings- Prequel-Serie, déi ab September ausgestraalt wäert ginn.