Den 30. Januar, also dëse Sonnden ass de Weltdag vun der Lepra, eng Krankheet, déi vläicht bei eis an der westlecher Welt manner ze fannen ass, mee nach ëmmer eng gutt Rëtsch Leit op der Welt betrëfft. Wann ee Lepra héiert, denkt een dacks just u Kierperdeeler, déi engem offalen, wat awer net esou ganz richteg ass. Wat et genee mat der Krankheet op sech huet, weess de Jeff Rossler.

28/01/2022 Weltdag vun der Lepra (Internet)

Lepra huet eng laang Inkubatiounszäit, wat heescht, dass Dir d'Bakterie laang am Kierper kënnt hunn, ier sech d'Krankheet iwwerhaapt richteg weist. Am Duerchschnëtt sinn dat 3 bis 7 Joer, mee et ginn och Fäll wou dat 20 Joer gedauert huet. Dofir muss een oppassen, dass een d'Krankheet och richteg bemierkt, esou d'Conny Reichling, Directrice vun der Fondation Follereau.

Conny Reichling: Meeschtens sinn déi éischt Zeeche wäiss Placken op der Haut oder eben d'Nerven déi direkt ugegraff ginn. Wat Lepra dann esou schlëmm mécht, ass wann ze laang gebraucht gëtt fir d'Diagnos ze stellen, well d'Leit eben och net d'Tendenz hu fir bei den Dokter ze goen. Wann d'Krankheet bis wäit fortgeschratt ass, kommen irreversibel Sequellen dobäi, z.B. Lämunge, Leit kënne blann ginn an am schlëmmste Fall kënnen och nach Amputatiounen dobäikommen.

Lepra fënnt een dacks an de méi aarme Quartiere a Latäinamerika, an afrikanesche Länner oder an Indien. Do ass et méi schwéier fir en Dokter ze fanne fir d'Diagnos ze stellen. Dacks fënnt een d'Krankheet eréischt ze spéit.

Conny Reichling: All Joer ginn an der Moyenne 200.000 Fäll vu Lepra diagnostizéiert. D'Leit stierwen awer net direkt u Lepra, mee se stierwen un de Konsequenzen, well se eng Co-Morbiditéit entwéckelen wéi z.B. eng Tuberkulos, aner Problemer, déi d'Immunsystem schwächen oder un Accidenter well se hir Beem oder hir Äerm net méi spieren, well d'Nerven ugegraff goufen.

Dacks ginn d'Leit dann aus der Gesellschaft ausgeschloss aus Angscht anerer unzestiechen. Dobäi soll eng gewëss Basishygiène an eng richteg Entsuergung vun infektiéise Materialer schonn dogéint hëllefen, sech net unzestiechen. 

Conny Reichling: Et huet ganz vill mat de Liewensëmstänn vun de Leit ze sinn a mat Accès op e gudde Gesondheetssystem. Dozou kënnt dann eng grouss Opklärungsaarbecht, wann et ëm d'Therapie géint Lepra geet, well et am Prinzip just Antibioticke dergéint ginn. Et misst een eigentlech just bei den Dokter goen, d'Diagnos stellen an dann d'Therapie ufänken. Domadder kritt ee Lepra einfach an de Grëff. Dat ass awer net de Fall an de Länner, wou et se awer nach gëtt.

Et gëtt ënnert anerem och un enger Impfung géint Lepra geschafft. Duerch d'Corona Pandemie sinn awer vill Impfungen, déi am Verglach zum COVID als zweetrangeg ugesi goufen, op Äis geluecht ginn. De Fortschrëtt geet also just lues virun.