Gëschter Owend huet di finnesch Band Rajaton den A CAPE’lla Festival ageleet. Dëse gëtt zanter 2016 all zwee Joer organiséiert an ass deen eenzege Festival hei am Land dee sech ausschliisslech op a cappella Gesang konzentréiert. Ween awer elo mengt, dass de Festival dowéinst eesäiteg ass, dee kéint net méi falsch leien. Wisou? Dat erkläert d’Valeria Wiwinius eis elo.

28/01/2022 A CAPE'lla Festival

Den italieneschen Ausdrock „a cappella“ gëtt benotzt fir iwwer Musek ze schwätzen déi nëmmen aus Gesang besteet. Keng Hannergrond Instrumenter also. Den Numm deit och schonn op d’Originne vun dëser uraler Museksform hin, an zwar bedeit „a cappella“ wuertwiertlech „aus der Kapell“ oder „ewéi an der Kapell“. Esou gouf a cappella Musek richteg prominent duerch de Kapellmeeschter Giovanni Pierluigi da Palestrina an de Chouer an der Sixtinescher Kapell am 16.Joerhonnert. Zanterhier huet sech net nëmmen d'Museksform u sech immens diversifiéiert, ma och ëmmer méi u Popularitéit gewonnen. Zanterhier huet sech net nëmmen d’Museksform u sech immens diversifiéiert, ma och ëmmer méi u Popularitéit gewonnen.

Ob Folk, Pop oder Beatbox : A cappella huet an der Tëschenzäit esou vill verschidde Kapen, dass et schwéier ass, all d’Sänger a Gruppen an een Dëppen ze geheien. Dat gesäit een dann och erëm um Line-up vum A CAPE’lla Festival dee gëschter Owend rëm lassgaangen ass. De Carl Adalsteinsson artisteschen Direkter vum CAPE, war ee vun de Grënner.

2016 war di éischt Editioun an zanterhier gëtt de Festival all zwee Joer organiséiert. Dëst Joer leeft de Programm iwwer 4 Deeg. Heivir koume 7 Museker aus 6 verschiddene Länner fir Concerten ze halen a Workshops z‘organiséieren. Wéinst der aktueller sanitärer Kriis, koum dat awer och mat enger Rëtsch organisatoresche Problemer. De Set wier awer trotzdeem immens zefridde stellend, betount de artisteschen Direkter. Mat dobäi sinn ënner anerem den dräifache belsche Beatbox Champion FOOTBOXG, de britteschen Ensembel a Gewënner vu multipelle Grammy’en an Emmy Awards The King’s Singers an de Berliner Ensembel ONAIR, déi mir virun hirem Concert am Interview haten.

Den A CAPE'lla Festival leeft nach bis e Sonnde mat. Méi Informatiounen an Tickete kritt een op hirem Site cape.lu.