Wann vun engem behaapt gëtt en hätt eng béis Zong, dann heescht dat meeschtens net vill Guddes, mä dass een keng schéin Saachen ronderëm ziele geet. Wann d'Déierendoktesch awer dovunner schwätzt dass eng kleng Kaz eng béis Zong hätt, muss dat noutgedrongen eppes aneschter bedeiten.

D´Diddi, eng ganz nervös eeler Kaz, war net gutt. Zanter e puer Wochen hat et sech an engem Stéck gebotzt an dobäi putschweis Buuschten ausgerappt. Déi louchen dann uechtert d´Haus verstreet, mä vill dovun hat et och ofgeschléckt, wouwéinst et sech an der lescht ëmmer huet missen iwwerginn. Säi Meeschter hat dem alen Déier säi Réck am Verdacht, wat duerchaus hätt kënne sinn, Kazen hunn op d´mannst esouvill Rheuma- an Arthrospéng wéi all aner Zort Wierbeldéier.

27-01-2022 Déierentipp - Romi Roth - Dem Diddi seng béis Zong - Feststellung

Wann een da bedenkt, dass d´Leit sech soss e Kazenpelz géint de Wéi op de Réck gedoen hunn

Mat enger Röntgen-Ënnersichung war awer ze gesinn, dass d´Ursaach vun der Kazepatientin hirem Botzfimmel näischt direkt mam Réck ze dinn hat. D´Diddi hat vill méi eng ganz déck, rout geschwollen Zong mat un der Spëtzt ville klengen wäisse Knippercher dran. Déi aarme Kaz hat eng Glossitis, eng schwéier Entzündung vun hirer Zong. An déi wäiss Knippercher ware scho Kallekoflagerungen. An hire Chef wosst och firwat: hien hat gesinn wéi d´Diddi sech virun der ganzer Hoerplëmmerei immens laang un de Patte geleckt hat, nodeems si iwwert den Trottoir gelaf war, op deem deemools ganz vill Streesalz louch..Mat enger Behandlung géint d´Entzündung an de Wéi an engem extra doucen, héich kaloresche Fudder war d´Glossitis bannent dräi Woche fort an d´Diddi huet seng Fliichten just nach gebotzt wann et huet misse sinn.

27-01-2022 Déierentipp - Romi Roth - dem Diddi seng béis Zong - Behandlung