Wéi gëtt wat geschriwwen a wéi kann ech mäi Lëtzebuergesch verbesseren. Den ZLS, den Zentrum fir Lëtzebuerger Sprooch, huet eng 30 Videoe produzéiert mat deenen ee seng Orthografie

Den ZLS, den Zentrum fir Lëtzebuerger-Sprooch huet eng ganz Partie Videoe produzéiert, déi engem op bësse méi eng labber Aart a Weis, d'Orthographie vun eiser Sprooch soll méi no bréngen. Marthy Gloesener vum ZLS mat den Explikatiounen:

Et sinn 30 Videoen. Se weisen d'Haaptreegelen aus dem Reegelwierk vun der Orthographie. A wat se auszeechent ass, dass se an enger einfacher Sprooch gehale sinn. Se si kuerz a bidde pertinent Beispiller. Dernieft si se flott animéiert, dass ee sech dat gutt ka mierken.
 
U wie sech dës Videoe riichten, dat huet mer de Luc Marteling, Direkter vum ZLS verroden:
 
Se si fir d'Enseignanten, et ass Genial e Cours domat ze lancéieren. Mä, et ass awer och eppes wat sech fir d'Apprenanten einfach esou eegent. Een de sech wëll perfektionéieren dee ka se kucken, een dee wëll starten, kann domat ufänken a kritt dann Quintessenz duergeluecht an dat op eng agreabel Aart a Weis.
 
Mam Lëtzebuergeschen ass et esou eng Saach. Vill Leit hu mam Schwätze kee Problem. Et ass meeschtens an der Orthographie wou et happert. Nach eemol d'Marthy Gloesener vum ZLS:
 
Fir déi allermeescht vun eis geet dat iwwer en Autodidakteschen-Wee, wann et ëm d'Schrëftlech geet. Et bréngt ee sech dat ebe selwer bäi. Dat geet och laang gutt esoulaang ee sech versteet. Ma et kann awer och sinn, dass een dat op eemol op der Aarbecht brauch oder wou ee sech einfach dofir interesséiert a wëll wësse wéi et richteg ass. Dee Moment kënnt eng Problematik an d'Spill: Et muss ee fir d'éischt déi al Schrëftbiller ofleeën an déi nei léieren. Et muss e se kënnen novollzéien a verënnerlechen.
 
Déi produzéiert Videoe kann een och elo bei eis op der Tëlee gesinn:
 
Se lafen elo all Freiden am Samschde kuerz viru 7 op der Tëlee. Dat ass natierlech och d'Kiischt um Kuch fir all déi, déi um Projet matgeschafft hunn.  Ech mengen och dass se et verdéngt hunn, net nëmme well de Produit flott ginn ass, mä och well mer mierken dass e groussen Interessi do ass. Net nëmmen un der Sprooch ma och n der Orthographie. Dat kënnt deem hei entgéint.  Fir eis dat ee wichtege Schrëtt an der Promotioun vun der Sprooch. Wat kann ee méi fir d'Sprooch maachen? Se lieft, se ass dynamesch.