Fir 4 Deeg verwandelt sech d'Luxexpo - The Box dëser Deeg nees an dee gréisste Wäikeller vum Land, gefëllt mat Wäiner aus der Nouvelle Aquitaine. E Rendez-vous fir all Wäifrënd deen a gudder Gesellschaft wëll genéissen, schmaachen, deelen a sech austauschen. D'Nicky Soisson huet sech informéiert.

27012022 16 Editioun vum Salon des Vignerons Independants aus der Nouvelle Aquitaine

Viru 15 Joer hunn d'Vignerons Indépendants sech déi 1. Kéier op de Wee Richtung Lëtzebuerg gemaach. D'Iddi hannendru war e Salon op d'Been ze stellen, op deem ee passionéiert Wënzer perséinlech kenneléiert déi an hirem Wéngert vun A bis Z nach alles selwer maachen an hier Séil dra stiechen. 

Mat de Joren ass dëse Salon ëmmer méi bekannt ginn a gehéiert haut zum feste Rendez-vous fir all Wäikenner déi hei Produite mat engem gudde Präiss-Leeschtungsverhältnis fannen.

Et ass dann elo well déi 16. Editioun vum Salon an et kënnt een ëmmer nees mat vill Freed op Lëtzebuerg wéi den Daniel Mouty, President vun de vignerons indépendants de la Nouvelle Aquitaine, erkläert:

"Dans notre mission d'organisation professionnelle, notre recherche de créer des sites pour que les vignerons puissent venir montrer leur production, commercialiser leurs vins, ça fait partie du projet global de diffusion de cette notion de vigneron indépendant qui nous tient à coeur et j'avoue que le choix du Luxembourg est un choix auquel j'ai pas mal participé parce que je connais un peu le Luxembourg, c'est une ville de gastronomes, c'est une ville qui a une bonne situation économique et tous ces éléments là ont fait que le choix s'est porté sur ce pays attirant."

31 Wënzer presentéieren Iech hier Wäiner an dat vun haut de Mëtteg 15 Auer bis e Sonndeg nach mat. Fir 4 Euro den Entrée gëtt et hei den 3 D- degustéieren, diskutéieren an démarchéieren. Ma net nëmmen dat:

"Sachez que sur le salon, les vignerons amènent du stock, ça veut dire qu'on peut arriver avec sa voiture avec le coffre vide et repartir avec le coffre plein tout simplement. C'est à dire acheter 1 bouteille, 3, 6. En principe, les vignerons aiment bien garder les emballages intègres de leurs conditionnements, goûter, découvrir et renforcer la qualité de votre cave et surtout personnaliser en discutant avec le vigneron ce que vous pourrez après déguster chez vous."

Nieft de sëllege Wäistänn fënnt een hei awer och nach aner Delikatessen:

"Il y a aussi quelques stands alimentaires de qualité, faits par des producteurs authentiques. Il y a des fois gras, il y a d'autres produits de la Nouvelle Acquitaine, des fromages notamment.

Awer och Pata Negra, Austeren, Serrano Ham fënnt een hei, fir nëmmen e puer Beispiller ze nennen.

De Salon u sech wëll sech dann och immens geselleg an et gëtt alles gemaach fir dass de Visiteur sech wuelfillt. Esou fënnt een dann eng Partie Dëscher mat Still wou d'Leit sech sëtze kënnen an a Rou kënne schmaachen. D'Wënzer gesinn déi 4 Deeg hei um Salon als eng "petite fête gastronomique qui vraiment mérite d'être connue et de venir à la rencontre d'authenticité."

Weider Informatioune iwwert d'Vignerons indépendants aus der Aquitaine fannt Dir hei:

 

Informatioune ronderëm de Salon ginn et hei: