Wat géift Dir soen, wa mir Iech zielen, dass Dir just 2 Sportübunge bräicht fir fit ze bleiwen? Kaum ze gleewen? Ma dat seet awer den amerikanesche Physiolog Dr. Michael Joyner. Wéi eng Übungen dat sinn an ob do wierklech eppes drun ass, huet de Jeff Rossler nogefrot.

28012022 Just 2 Sportubunge fir fit ze bleiwen - wei vill ass do drun (Internet)

Dat eent kenne mir all aus der Kandheet: Seel sprangen. Et ass eng gutt Ausdauerübung an ënnerstëtzt eng gutt Duerchbluddung. Op der anerer Säit hu mir d'Burpees. Dat ass eng e bësse méi komplizéiert Übung: Et steet een, et geet een erof op alle 4, et spréngt ee mat de Féiss no hannen an eng Pompel-Positioun, et leet ee sech op de Buedem, dréckt sech erëm erop, spréngt mat de Féiss no vir, spréngt an d'Luucht a klappt iwwert dem Kapp an d'Hänn. Kléngt komplizéiert; ass et och. Nom Dr. Joyner trainéieren dës zwou Übunge gläichzäiteg Kraaft an Ausdauer. D'Fitness Coach Sofie Verstraeten vun Diosfit ass do awer anerer Meenung.

Sofie Verstraeten: Ech si net wierklech averstanen. Burpees si gutt fir déi, déi staark genuch sinn. Mee wann ee staark ass, wisou sollt ee sech da just op Burpees konzentréieren? Seel sprangen ass gutt fir Ufänger bis Fortgeschrëttener, mee d'Übung u sech huet och erëm seng Limitatiounen.

Eleng fir d'Burpees ze maachen, gëtt engem gerode méi wéi 20 Pompelen um Stéck maachen ze kënnen, et soll een am Stoe seng Zéiwen beréieren kënnen a et soll ee vill propper an déif Squatte mat engem riichten Uewerkierper hikréien. Dobäi kënnt och nach, dass een d'Burpees falsch ausféiere kann, wat dann éischter en negativen Effekt op de Kierper hätt. De Grondgedanke vum Dr. Joyner geet awer an déi richteg Richtung.

Sofie Verstraeten: Beim Liewensstil hautdesdaags ass et kloer, dass d'Leit 2 Haaptsaache brauchen: Déi absolut Kraaft andeem all hir Muskelen an haaptmënschlech Beweegungsmuster benotzt ginn, kombinéiert mat simpelem a moderatem Ausdauertraining.

De mënschleche Kierper ënnerscheet sech och vu Mënsch zu Mënsch, do kann ee sech och net just op eng Saach konzentréieren.

Sofie Verstraeten: Et gëtt net just eng Übung, wou ee ka soen, dass dat déi Bescht wier. Dat Bescht ass eng Methode ze fannen, déi un ee selwer ugepasst ass.  Wann et erof kënnt, ob wat ee selwer brauch, ass et am Beschte mat engem professionelle Coach zesummen ze schaffen, deen däin Alldag kennt an all deng speziell emotional, mental a kierperlech Besoinen berécksiichtegt. Esou kritt een eng Fitness-Methode, fir sech laangfristeg gesond an aktiv ze halen.

Just 2 Sportsübunge wier och e bësse wéineg gewiescht. Wann et ze schéi klengt fir wouer ze sinn, muss do och en Hoke sinn.