D'Geschichten déi sech an engem Dag an der Déierenpraxis vum Romi Roth ofspillen hunn eppes vun engem Krimi. Fir d'éischt muss een dran kommen a verstoen ëm wat et geet, dann gëtt no der Léisung gesicht an ganz um Enn geet alles hoffentlech gutt aus an d'Geschicht kritt en Happy End, an de Meeschter a säin Déierchen ginn nees frou an zefridden, an ëm eng Erfarung méi räich, Heem.

Zwar koum de léiwen Pomsky Pixel, en Hybridmupp aus de Rassen Husky an Pomeranesche Spitz, just grad aus enger Honnspensioun. Mä säi schlëmmen Houscht war keen Zwingerhouscht an den däischter bronge Pippi, deen säi Meeschter an engem Gebeessglas matbruecht hat, hat och näischt mat der Vakanz an der Pensioun ze dinn. Mat enger Bluttënnersichung ënnert dem Mikroskop konnt fir d´éischt fonnt ginn, dass dee jonke Ritt vill ze mann rout Bluttkierpercher hat. Gläich drop och firwat: de Pixel hat eng "Babesios" erwëscht. Dat ass eng Zort Malaria vun den Honn. Och bei der "Babesios" ginn déi rout Bluttkierpercher vun de Mikroben futti gemaach a gefriess. D´Babesios huet emol „La maladie des chiens du midi“ geheescht. Eng Kränkt, déi soss just a waarme Géigenden an am Summer vun Zecken iwwerdroe gouf. Dem Pixel seng Geschicht ass awer ufanks Januar geschitt a seng Leit ware mat him ausser hei am Land just an der Normandie.

22-01-2022 Déierentipp - Romi Roth - Zecken am Wanter - Feststellung

Do soll alt erëm nach ee soen, d´Klima géif sech net änneren

Allerdéngs, well d´Inkubatiounszäit vun däer Kränkt dauert héchstens dräi Wochen, esou dass de Pixel seng infizéiert Zeck matten am Dezember an enger soss zimmlech killer Regioun begéint hu misst. No enger Piqûre mam Wierkstoff "Imidocarb" an enger Behandlung géint déi fatzeg Niewewierkungen vun deem Medikament, war hien erëm toppfit. Mais seng Leit wäerten hien an Zukunft riicht duerch d´Joer all Mount mat enger spezieller Pëll behandelen, déi ganz effikass géint bannescht a baussecht Parasitten, och géint Zecken wierkt.

22-01-2022 Déierentipp - Romi Roth - Zecken am Wanter - Behandlung