Déi Fro firwat Medikamenter ëmmer mussen batter oder schlecht schmaachen, konnt nach keen engem beäntwerten, a firwat déi meescht Kränkten och bei den Déieren ëmmer sou geféierlech Nimm hunn, gehéiert do an dee selwechten Beräich. D'RTL Déierendoktesch Romi Roth huet haut en aktuelle Fall derbäi, deen déi lescht Zäit nawell geleefeg ass.

Kommt séier, eist Bambi hat eng schrecklech Kläpperei. Et gesäit bal net méi zu den Aen eraus vun elauter Krazwonnen a  Rëff!
Well fir d´Behandelen vu Bäiss- an déiwe Krazblessen bal ëmmer eng Anästhesie néideg ass, goufen der Kazenpatientin hier Leit léiwer direkt mat hier an d´Praxis bestallt. Déi wibbeleg jonk schwaarz Kaz war ëm d´Nues an d´Aen wierklech bal net méi erëm ze erkennen. Et gouf awer séier kloer, dass keen anert Déier un hirem Misär schold war: si hat sech selwer vun elauter Bass bis op d´Blutt gekraazt. De Bass koum, wéi am rëffege Gegrimmels vu ronderëm hier Schnuff ënnert dem Mikroskop  ze gesi war, vu Krätzmilben. Méi genee "Sarkoptesmilben". An déi hat d´Bambi sech  sécher ronderëm Mauslächer agefaangen un deene virun him  Fiiss gelauert haten.

10-02-2022 Déierentipp - Romi Roth - Fuussekrätz

Firwat soll dee Krätz da vun engem Fuuss komm sinn?

Well déi aarmen Fiiss de Moment no Informatiounen vun der Fieschterei aus der Ëmgéigend vun der Praxis grad immens gehäit sinn mat Fuussen- oder Sarkopteskrätz, a well d'Bambi beileiwen keen Eenzelfall war, vill aner Fräileefer mat sametten Patten, virun allem awer Honn mam selwechten Problem, defiléieren reegelméisseg an der Praxis, a ginn dann t'selwecht therapéiert. Spot-on Drëpsen géint d'Milben hannert d'Oueren a Sprëtzen mat Antibioticken a Mëttelen géint de Bas an d'Entzündung.

10-02-2022 Déierentipp - Romi Roth - Fuussekrätz - Behandlung