Et gëtt Situatiounen bei den Déieren wou een laang a vill iwwerleeë muss, fir erauszefannen ëm wéi eng Krankheet et sech handelt an da gëtt et Krankheeten wou eisereen den Numm weess, awer nach net direkt eppes dermadder unzefänken weess.
D'RTL Déierendoktesch Romi Roth tippt och nach e bësschen am Niwwel.

An der Lescht huet den Hellege-Birmakueder Emil sech heiansdo ganz komesch beholl: wann zum Beispill seng Leit emol Iesssaachen a Sëlwerpabeier gepaakt oder bei der Spull e bësse Geschier unenee klabbere gedoen hunn, huet hien eng Zort Kris gemaach. Hien ass da fir t´éischt wéi e gefruerent Bild riicht stoe bliwwen an huet an d´Eidelt gestuerkt. Dono huet hien mam Kapp gerëselt, geknätscht a vill Spaut verluer an ass dann ëmgefall an huet grouss a kleng ënnert sech gemaach. Seng Meeschtesch huet gefaart, hiren Emil hätt eng Tumeur am Kapp. Duerch zimmlech rezent Publikatiounen um Gebitt vun der Veterinärneurolgie wosste mir dem eelef Joer ale Birmakueder seng Leit alt e bëssen ze berouegen: den Emil hat just en FARS, Felin Audiogen Reflexepilepsie.

Wéi de Mickymausekueder Tom wann d´Maus Jerry en haarde Kaméidi mécht.

15-02-2022 Déierentipp - Romi Roth - FARS - Diagnos

Just dass de Kaméidi, deen de Birmakueder hei stéiert awer guer net esou haart an aussergewéinlech ass?

Neen, et si vill méi zimmlech lues awer héichfrequent Geräischer déi des Zort vun Epilepsie bei eelere Kazen, meeschtens vun der Helleger-Birmarass maachen. Virun allem Frequenzen aus dem Ultraschallberäich maachen déi Patienten wéinst enger chronescher Degeneratioun vun hire Nerven esou geckeg. Well den Emil e puer Krisen den Dag gemaach huet, hu seng krank Nerven missen mat engem Antiepileptikum therapéiert ginn. Zanterdeem huet hien keng Attack méi gehat. Mais hien muss säi Medikament zimmlech sécher bis u säi Liewensenn kréien.

15-02-2022 Déierentipp - Romi Roth - FARS - Behandlung