De Weekend vum 26. a 27. Mäerz ass et nees un der Zäit fir den traditionelle Relais pour la Vie deen all Joer vun der Fondation Cancer organiséiert gëtt. Aschreiwe kann ee sech awer elo well schonn!

21/02/2022 Relais pour la vie 2022

Nodeems de Relais pour la Vie lescht Joer well situatiounsbedéngt online war, huet ee sech och dëst Joer nees, wéinst der unhalender Pandemie, fir déi digital Versioun entscheet.
De Motto ass och dann och dëst Joer nees "ensemble et connectés" an dat nodeems ee bei der Fondation Cancer immens positiv iwwert déi lescht Editioun war well een net sou richteg wosst wat dat géing ginn an der Online Versioun, Claudia Gaebel, Responsabel vum Relais pour la Vie bei der Fondation Cancer:
"Mir haten iwwer 10 000 Leit déi matgemaach hunn, insgesamt 400 Ekippen. Vun der Ekippenunzuel war et souguer méi wéi am Présentiel well an der Coque si mer jo limitéiert an hei eben net. Jiddweree ka matmaachen, mir hu kee Plazproblem. D'Leit waren immens zefridden, och dass ee sech organiséiere ka wéi ee well, e bëssi wéi et grad an den Zäitplang passt. Dat war awer ganz gutt."

Natierlech gëtt et och dëst Joer nees eng Trophée de l'Espoir! Déi Ekippen déi sech am meeschte géint de Kriibs agesat hunn andeems se Done gesammelt hunn, gewannen dës Trophée. De Prinzip ass u sech ganz einfach:
 "Mir hu 6 verschidde Kategorien: d'Associatiounen, d'Schoulen, Entreprisen, Länner, Professions de santé a Sympathisants. Da kann ee sech an enger Kategorie aschreiwen a fir de Weekend selwer Suen sammelen. Et gëtt eng "page de collecte de fonds" op eiser Internetsäit an all Ekipp huet dann hier eege Säit. An da kann ee Spende sammelen op ganz verschidden Aart a Weisen. An all Kategorie gëtt et dann 1 Trophée. Dat nennt een den Trophée de l'Espoir"

Matmaache ka jiddereen, dat geet vu ganz kleng bis bei d'Bomi. An et spillt och keng Roll op ee spadséiere geet, leeft oder mam Vëlo fiert. Jiddereen ass do fräi ze maachen a sech ze organiséiere wéi e well. Dat eenzegt wat zielt, ass déi 24 Stonnen zesummen ze kréien.

Aschreiwe kann ee sech op der Internetsäit vum Relais. Et klickt een einfach op de Button "J'inscris mon équipe" an da gëtt een duerch déi verschidden Etappen duerch gewisen. Fir 15 Euro op de Kapp kann entweder de Kapitän vun der Ekipp jiddereen aschreiwen oder seng Leit invitéieren dat selwer ze maachen. Et kann een eleng oder zum Beispill zu 60 matmaachen, alles ass méiglech, et si keng Limite gesat.

Déi gesammelt Sue ginn dann och fir de gudden Zweck agesat:
"Déi Suen déi si fir eis Missiounen. Mir hunn 3 Missiounen: d'Informatioun, d'Aide aux patients an d'Recherche a mir ginn déi Suen un eis Missiounen, jeeweils déi Projeten déi dann dëst Joer an deene verschidde Beräicher virgesi sinn."

Sidd och Dir bei dëser Editioun dobäi an ënnerstëtzt d'Fondation Cancer! De Link fir Iech an Är Ekipp unzemellen