All Kand kennt jo de Bridder Grimm hiert Märchen "Tischlein deck dich"! No deem Prinzip feiere mir och dëst Joer den 20. Gebuertsdag vun der Bäckerei Jos & Jean-Marie! Ronderëm all 20. vum Mount gëtt ëmmer op enger anerer Plaz e groussen Dësch gedeckt mat elauter leckere Saachen aus der bekannter Bäckerei, déi een da sur place ka schmaachen a super Präisser gewannen. Haut ass dat an der Grand Rue zu Dikrech an de Camille Ney mellt sech elo nach eng Kéier live vun do...

JJM 02

Loosst Iech also haut nach zu Dikrech verwinnen a mir ginn Iech och scho Rendez-vous e Freideg den 18.3. fir déi nächst Aktioun hei um Radio an op RTL.LU!