All Fall ass aneschter, och an der Déierenpraxis. Et gëtt ëmmer änlech Krankheetsverleef, an awer kann een net alles op déi selwecht Manéier behandelen, an dofir ass och eng Teleconsultatioun alles wéi net einfach, awer ëmmer besser wéi den Dokter Google. D'RTL Déierendoktesch Romi Roth huet e puer konkret Beispiller matbruecht.

D´Tattchen vum wonnerschéinen, soss schluetwäissen Kinnekspuddelmeedchen Amanda war am Leed. Iwwert dem Toilettéieren war um Dokeslächelchen vun hirem Mupp eng Zort schwaarz Flaatsch Haut ze gesinn. Dovun huet si dunn emol an hirer Panik mam Handy direkt eng Rëtsch Fotoen gemaach an déi an d´Praxis geschéckt. Wéinst Liichtreflexioun an aneren Phenomener, déi e Bild ëmmer emol anescht kënnen ausgesinn dinn wéi d´Realitéit, huet et op deene  Fotoen dono ausgesinn, wéi wann d´Amanda op där Plaz eng Nekros, also ofgestuerwe Schläimhaut hätt. An der Géigend vum Daarm wier dat e ganz héije Risiko fir eng Sepsis, eng Bluttvergëftung gewiescht.

24-02-2022 Déierentipp - Romi Roth - Teleconsultatiounen - Freed a Leed

A spéitstens dann hätt d´Madamm jo awer emol „physesch“ misse mam Hond och an d´Praxis kommen?

Dofir hunn d'Leit mat där Muppepatientin och direkt en Termin kritt. Déi schwaarz Verfierwung war dunn glécklecherweis näischt aneschter wéi e Pigmentfleck, ouni iergend eng pathologesch Bedeitung. T'selwecht war et eng Kéier mat engem klenge Kueder, wou op enger Handyphoto dat lénkst A ferm no engem "Glaukom" mat "Cornea ulcer" ausgesinn huet. Bei engem Glaucom ass vill ze vill Drock am A, wouduerch dat terribel wéi deet, a wien schonn enge Kéier e Stëbskär am A hat, kann nofillen wéi wéi e Lach an der Cornea doe muss. Och hei konnt an der Praxis den Alarm direkt, nodeems mer de kierderleche Biscuit aus sengem Transportkuerf geholl haaten, ofgeblosen ginn.

24-02-2022 Déierentipp - Romi Roth - Teleconsultatiounen - praktesch