Wien erënnert sech nach an déi Zäit, wou een op de Mäertchen an d'Stad gaangen ass a mat engem Goldfësch an der Plastikstut a mat Waasser dran Heem komm ass. Glécklecherweis sinn déi Zäiten erlaanscht. En aneren Brauch hält sech awer, dass ee Goldfësch an engem ronnen Aquarium hält. Dat kennt een zwar nach aus dem "Tom an Jerry", an awer gëtt do och ëmmer nees vun Déierequälerei geschwat. D'RTL Déierendoktesch Romi Roth kläert eis op, wat drun ass.

Op Visite bei de kranken Dackel vu senge Leit - hu mir den Här Eusebius,- ee Schleierschwanzgoldfésch kennegeléiert. De schéine Fësch war am Fong dem Tun, dem jéngste Kand vun der Famill, säin Hausdéier. An engem ronne Glas - vu sécher net méi wéi 25cm Duerchmiesser - ass hien Dag fir Dag a schonn zanter e puer Joer seng Toure geschwomme.  Sengem jonke Meeschter war dat scho laang en Dar am A. Schonn eleng well den Eusebius ewell e puermol - carrement aus sengem Prisong erausgesprongen - an den Tun des Lescht bal op hien drop getrëppelt war.

01-03-2022 Déierentipp - Romi Roth - De Goldfësch am Glas

Ass et dann elo just net gutt gesinn, oder carrement verbueden de Goldfësch 24/24 an 7 Deeg op 7 am engem ronne Glas schwammen ze loossen?

Tatsächlech ass et nom Lëtzebuerger Déiereschutzgesetz vun 2018 - net just net léif mä iwwerhaapt illegal fir e Goldfësch esou ze halen. Anescht wéi zum Beispill Neonfëschelcher, déi wierklech net ganz vill Plaz brauchen, muss e Goldfësch, fir sech eenegermoossen wuel ze fillen, zu méi gehale ginn a pro Fësch 50 Liter Waasser hunn. Wéi wichteg a richteg déi Rotschléi sinn, gouf an der Lescht och duerch Aarbechten vun der israelescher "Ben Gurion Universitéit" ënnermauert. Do gouf den héijen Intellekt vu Goldfësch ënnersicht, déi derzou bruecht konnte ginn, mat enger Zort Pappamobil, engem mobillen Aquarium, duerch en Zëmmer a laanscht verschidde Barrièren op en Zilplakat lass ze diichten, wou et da Leckerlie gouf.

01-03-2022 Déierentipp - Romi Roth - wat schwätzt dergéint