Wéini waart der fir d'lescht am Bësch? En ass immens gesond. Dat ass scho laang bekannt. Eng vun den éischten Etüden mat der gesondheetlecher Wierkung vum Bësch ass viru bal 40 Joer an der Zeitung Science erauskomm. Elleng den Ubléck vu Beem ass positiv. Wa Patienten no enger OP, aus der Fënster op Gréngs kucke, gi se méi séier gesond, an hu manner Pëlle missten huelen, wéi anerer, déi op eng Mauer gekuckt hunn. Haut ass de Weltdag vum Bësch, e Weltdag, deen eigentlech all Dag misst sinn, Michèle Schons:

21/03/2022 Haut ass de Weltdag vum Bësch

Dat sinn déi fachlech Beweiser, ma unhand vun eiser Intuitioun wësse mer ganz einfach: D'Ophalen an d'Beweegung am Bësch, baut Stress of an hieft d'Stëmmung. Et ass gutt fir deen Nervesystem, dee fir d'Erhuelung, Entspanung an och d'Regeneratioun zoustänneg ass. De Begrëff Shinrin-yoku, iwwersat: Bëschbueden ass net nëmmen eng al japanesch Traditioun, déi esouguer bei hinnen op der Uni als Bëschmedezin studéiert ka ginn. D'Claudine Felten ass Forst-Ingenieurin bei Natur&Ëmwelt déi zanter enger Rei Jore schonn intensiv Bëscher nees opforsten: 

Elo hu mer zum Beispill dëst Joer am Kader vun dem internationalen Dag vum Bësch hu mer eng grouss Fläch wou Fiichten ofgestuerwe sinn, déi vum Borkenkäfer befall sinn a wou mer dann elo plangen nees mat eenheemesche Laafholzbeem opzeforsten, fir eben och méi eng Diversitéit ze hunn an dee Bësch och méi klimaresillient ze gestalten.

RTL

© pixabay

Am Bësch wuesse Planzen déi net nëmmen iessbar sinn, ma och gesond. D'Diversitéit u Blieder, Wuerzelen, Kraider a Champignonen ass onendlech. Planze mat Wierkstoffer wéi Lannebléien, Giersch, Bärlauch, Bierkeblieder, Brennnessel Waldmeister oder Käschten. Déi mental Wierkung ass nach méi staark. Déi positiv Energie no engem Trëppeltour duerch de Bësch hält bis zu 7 Deeg dono.

Dat ass och net nëmme fir de Leit ze soen de Bësch ass do, mee fir dass se och selwer kucke ginn a mierke, wat de Bësch iwwerhaapt ass, an et ass jo grad elo wou et dobausse lues a lues méi waarm gëtt, an d'Fréijoer kënnt, dass d'Villercher erëm zeréck sinn an iwwerall päifen an ufänken ze bréien. Da kommen déi éischt Frühblühler, et kënnt nees Faarf dobaussen, wat wierklech en immens flotte Moment ass fir d'Natur dann nees z'erliewen, virun allem am Bësch wou een sech däers dann och bewosst gëtt.    

RTL

© pixabay

Am Kader vum internationalen Dag vum Bësch haut, leeft och eng Spendenaktioun, fir d'Bëschprojeten an donieft och déi international Projeten z'ënnerstëtzen. Wichteg ass et sech bewosst ze ginn, wat de Bësch alles bedeit an dass do net nëmmen Holz produzéiert gëtt, oder Natur fir d'Déieren mee fir nach vill méi aner Saache genee esou wichteg ass.

Fir d'Klima, e bënnt CO2, e produzéiert Sauerstoff, fir d'Fiichtegkeet an der Loft, d'Bëschklima, wat am Summer vill méi kill an agreabel ass, d'Blieder filteren an engem grousse Mooss de Stëbs aus der Loft, e rengegt d'Drénkwaasser, et sinn esou vill Saachen déi vum Bësch kommen, déi wierklech wichteg sinn fir eis Mënschen a wa mer déi net méi hunn, dann hu mer wierklech e ganz ganz grousse Problem.

 

RTL

© pixabay

Haut um Dag vum Bësch gëtt am Ciné Starlight zu Diddeleng de Film "Der wilde Wald" gewisen, wou net nëmmen d'Regisseurin, ma och divers Experten vun der Natur & Bëschverwaltung op der Plaz sinn, fir sech dono nach mateneen auszetauschen.