Am Wanter gëtt ee sech bewosst, datt e puer Stonne méi Luucht am Dag dach awer vill ausmaachen. Do kann ee sech schonn emol d'Fro stellen, wéi sech d'Sonn dann op eis auswierkt? De Jeff Rossler huet emol nogefrot.

15032022 Wat d'Sonn alles bewierkt (Internet)

Dass d'Sonn fir eist Iwwerliewen zoustänneg ass, sollt näischt Neies sinn. Wann d'Sonn just 10 bis 12 Minutten net existéiere géif, wier op der Äerd schonn alles erkaalt. Fir elo vun deem Extrembeispill fortzekommen, d'Sonn mécht eis einfach méi aktiv a méi frou. Wéi genee dat funktionéiert, weess de Generalist Dr. Nico Haas.

Nico Haas: Dat ass och ganz einfach ze erklären. Doduerch datt d'Luucht an d'A fält, seet se dem Gehier Bescheed, datt et méi hell ass an d'Gehier fänkt un en Neurotransmitter méi ze produzéieren, de Serotonin. Dowéinst geet et ons besser, wa schéi Wieder ass a mir si besser drop. Op der anerer Säit wierkt d'Sonn och nach wa se vun der Haut opgeholl gëtt. Do mengen ech, muss ee mindestens déi zwee Viräerm an de Kapp fräi hunn, da ka se Vitaminn D produzéieren. Déi ass wichteg fir eis Schanken, fir dass mir net fréizäiteg Osteoporos kréien.

Dat sinn alt alles Saachen, déi am Wanter ewechfalen. Mir fillen eis manner aktiv. Mee et kann een d'Sonn zum Deel och kënschtlech ersetzen.

Nico Haas: Am Wanter ass et däischter, ma komm mir maachen alles méi hell! Dowéinst gëtt am Wanter gerode fir d'Haus méi hell ze maachen, besonnesch wann d'Leit méi al sinn. Et sollt een d'Luuchte méi u maachen oder méi staark Bieren eran dréinen. Et ginn awer och speziell Luuchten, wou eng Fototherapie gemaach gëtt. D'Luucht gëtt ganz hell gemaach a gëtt dem Gehier méi d'Zeeche méi Serotonin ze produzéieren, well dat grad feelt.

Esou wéi bei allem ginn et awer och bei der Sonn Vir- an Nodeeler.

Nico Haas: Do kënnt een dann net ronderëm fir iwwert déi berüümten Fréijoersmiddegkeet ze schwätzen. Do sinn e puer Ursaachen drun. Éischtens ginn d'Deeg méi laang, et bleift ee méi laang op. Zweetens gëtt et d'Zäitëmstellung, mir kréien eng Stonn geklaut. Drëttens huet d'Sonn eng Aktioun op d'Melatonin. Mee dës Middegkeet ass am Fong relativ, well op der anerer Säit duerch d'Serotoninproduktioun kompenséiert.

Wann een iwwer Fréijoersmiddegkeet geklot huet, oder soss dacks midd ass, sollt een awer och emol kucken, ob engem net vläicht eppes aneres feelt. Dat kann nämlech och duerch e Manktem vu verschiddenen anere Vitaminnen oder vun Eisen z.B. kommen.