Sou laang een an der Koppel glécklech ass hänkt den Himmel voller Geien. Soubal awer déi éischt falsch Téin falen, oder wann aus engem Duo nees zwee Solisten ginn stellt ee sech verschidden Froen. Eng dovunner huet mat de Pensiounsrechter ze dinn, an dorunner denken déi wéinegst. Nëmmen 18 Leit hunn dervunner profitéiert fir wärend de leschten 2 Joer hier Pensiounsrechter retroaktiv zeréckzekafen. Wéi dat geet a firwat dat net onwichteg ass weess de Maître Jean-Jacques Schonckert.

15/03/2022 Fro den Affekot: Kann een als gescheete Koppel seng Pensiounsrechter retroaktiv zeréckkafen?