Wann e Mënsch krank ass, kann den Dokter nach froen wou et wéi deet a wéi vill. Beim engem Déierenpatient huet de Veterinär et do méi schwéier a muss op gutt Gléck Symptomer deiten. D'RTL Déierendoktesch Romi Roth mat engem prakteschen Fall aus der Déierenpraxis.

De jonken Australian Shepherd Sean ass bal gebascht vu Vitalitéit. Seng Leit hunn hien och mat ganz  laangen Trëppeltouren duerch de Bësch net midd kritt. A seng Fudderschossel hat de Sean eidel iert se richteg um Buedem stoung. Dass hien ganz vill gedronk huet, hu seng Leit dermat erkläert, dass säin Haaptfudder eben Dréchenkrokette waren. An dass hien doheem ouni Ursaach a ganz entspaante Situatiounen, och bei zimmlech niddregen Zëmmertemperaturen oft emol komesch gehechelt huet, dat huet een drop zeréckgefouert, dass déi Aussiën eben e bësse jaus wieren a sech direkt langweilen, wa se net gefuerdert ginn.

10-03-2022 Déierentipp - Romi Roth - Symptomer deiten

Déi Geckegkeet ass virun allem bei de jonken Honn vun däer Rass jo awer wierklech bekannt!

Well de Sean awer ëm Chrëschtdag eng grouss Tut Schockelasgeschier verhaft- a bis op e puer Apakpabeieren ganz eragefeiert hat, huet een elo gefaart, déi Hechelkrisen kéinten domat och emol eppes ze dinn hunn. A well Vergëftungen mam Schokelastoxin "Theobromin" wierklech immens geféierlech sinn, ass léiwer emol e groussen Checkup mat ënnert anerem enger Bluttanalys gemaach ginn. D´Resultater vun deem Bilan hunn dunn d´Diagnos bruet: de Sean hat éischt Unzeechen vun enger Niereschwächt. A well d´Schokelasgëft virun allem grad iwwert d´Nieren eliminéiert gëtt, ass en Zesummenhang mat däer geklauter Tut Schneekereien -méi wéi warscheinlech. Bis d´Kontroll an e puer Wochen gouf de jonke Geck op alle Fall emol op ee strikten Niereschounregime gesat.

10-03-2022 Déierentipp - Romi Roth - Syptomer entschlesselen