Haut ass de Weltdag vum Schlofen. Ongeféier en Drëttel vun eisem Liewe verbrénge mir mat schlofen. Do ronderëm ginn et och eng Rei Mythen, wéi plakeg Schlofen ass onhygienesch, ze vill Schlof kann ee lämen, all Mënsch brauch 6 bis 8 Stonne Schlof. Mee wat stécht da wierklech dohannert? Wat ass richteg, wat ass falsch? De Jeff Rossler weess méi.

18032022 Schlof Mythen (Internet)

Wann ee Problemer huet anzeschlofen, sollt een net op d'Auer kucken. Ze gesinn, wéi vill Schlof ee just nach kréie kann, stresst ee just nach méi an ass kontraproduktiv. Dëse Fakt ass richteg. Dat ganz Gerechens mécht een onroueg. Am Plaz leien ze bleiwen, sollt Dir kuerz opstoen an Iech oflenken. Dat soll de Kapp erëm fräi maachen. 

A wa mir schonn net aschlofe kënnen: Schlofmangel ass ongesond. Et kann een awer ni ze vill Schlof kréien, oder? Falsch! Verschidden Institutiounen hunn erausfonnt, dass méi wéi 9 Stonne Schlof bei engem Erwuessenen ze vill sinn an dass se Häerzerkrankungen oder AVCen begënschtegen. Depressiounen a Apnée suerge leider och dofir, dass ee manner gutt aus dem Bett kënnt. Dass ee bei ze vill Schlof geläämt gëtt, ass awer Quatsch. Et gëtt héchstens d'Schlofparalyse, déi dann e puer Minutten dauert, wou een zwar waakreg ass, mee ëmmer nach an engem Schlofstadium ass.

Et brauch och net all Mënsch 6 bis 8 Stonnen, och wann et fir 80% vun de Leit gëllt. All Mënsch ass anescht. Wann Dir wësse wëllt, wéi et bei Iech ass, maacht de Weekend einfach mol de Wecker aus a kuckt wéini äre Kierper vu selwem erwächt.

Wie gäre plakeg schléift, mee ëmmer héiert, dass et onhygienesch ass, do ginn et gutt Noriichten: Soulaang Dir net fréiert oder schweesst an äert Bett uerdentlech propper haalt, ass dat kee Problem. Wiesselt eng Kéier d'Woch d'Bettwäsch, well de Kierper am Schlof trotz allem awer bis zu 2 Liter Waasser verléiert. Dir wëllt jo net, dass sech Milben an ärem Bett bilden.

Fir e gudde Schlof gëtt et dann och nach eng Fauschtreegel: Wann Dir den Dag iwwer konzentréiert schafe kënnt an net schléifreg gitt, dann hutt Dir sécher genuch geschlof.