Am Wellebriecher vun dëser Woch heescht et, dass de Fait dass d'Masken zanter e Freideg gefall sinn d'Influenza nees um Kommen ass. An ouni eppes fir ewech ze huelen dréit de Fall, deen d'RTL Déierendoktesch Romi Roth matbruecht huet, haut och ëm deen Thema.

De  Kazekanner Milly, Lizy an Till hier Leit waren um Enn vun hirem Latäin. Zanter dass déi dräi an hirem neien Doheem ukomm waren, hu si mam Friesse gelepst. Donieft hate si ëmmer nees den Duerchfall, an hier Bäich hu gegrommelt, dass et vu wäitem ze héiere war. D´Ziichterin huet gemengt, dat kéint vum Plënnerstress kommen, obwuel ee grad dowéinst déi dräi lescht Miissercher vum Worf zesumme kaaft hat. Trotz a vläicht och wéinst allerlee Hausmëttel a Medikamenter déi een ouni Rezept aus der Apdikt kritt hatt, sinn d´Déiercher ëmmer méi mackeg, struppeg a moer ginn. Wéi den Till op eemol apathesch an engem Pull bluddeg-wässregen Duerchfall louch, ass et de Leit endlech duergaangen: déi ganz Hickecht ass an e Wäschkuerf gepaakt an an d´Praxis bruecht ginn.

15-03-2022 Déierentipp - Romi Roth - Daarmparasiten - Angscht virdrun

Symptomer wéi schlechten Appetit, ofhuelen an Duerchfall dee méi laang unhält oder ëmmer erëm kënnt, gehéieren effektiv e bësse méi zäitno vun engem Déierendokter ënnersicht. Mais vun elo un wollt een alles richteg maachen an hat dowéinst och schonn an e puer Gebeessglieser Stullprouwen matbruecht.

Mat der Analys vun deem Material ënnert dem Mikroskop an dono och mat engem spezielle Schnelltest war d´Diagnos kloer: déi Kleng haten allen 3 eng Giardios, en Daarmparasit, deen am Fong vill méi heefeg bei Honn virkënnt a bei méi Déieren am Stot net liicht fort ze kréien ass. Mat am ganzen 3 Kueren mat engem Wuermmëttel an engem Antibiotique war de Parasit endlech net méi am Stullgank ze fannen, an d'Miissercher nees fit wéi Turnschlappen.

15-03-2022 Déierentipp - Romi Roth - Daarmparasiten - Feststellung