Riche, lauschtere, kucke, upaken oder schmaachen... Mir wëssen, datt am jonken Alter d'Sënneserfahrungen extrem wichteg sinn, fir an de Joren dono eng Léift zur Natur z'entwéckelen. Mee huele mer eis och genuch Zäit, fir mat de Kanner d'Natur z'erliewen? Mer schwätze vun "Erliewen" net "Erklären". Well hei ass de Sproch richteg: Erklär mir, an ech vergiessen et. Weis mer an ech verhalen et, villäicht. Looss mech selwer ausprobéieren, an ech verstinn et. Wéi flott et ass d'Natur mat de Kanner z'entdecken, dat verréit iech d'Michèle Schons, wat enger Guide iwwert d'Schëller gekuckt huet.

17032022 Zait fir eraus an d Natur

D'Muriel Nossem ass selbststänneg Naturguide an ass reegelméisseg mat de Kanner am Haff Réimech ënnerwee, esoubal wéi d'Vullen ufänken ze sangen. Et ass e wonnerschéint Naturschutzgebitt dat sech besonnesch eegent fir de Kanner d'Liewe vun de Vullen an och hire Schutz un d'Häerz ze leeën.

Bei sonnegem Wieder hunn d'Villercher gesongen a gepaff, wat gëss de wat hues de... Mir ware ganz roueg an uechtsam.

-Lauschtert gutt a weist an déi Richtung aus där der e Villche sangen héiert. Een eenzegt Kand huet den Aarm gehuewen.

-Héiert dir dann näischt? sot ech zu deenen aneren...

Nö... si hu keng Stëmmen héieren. An dobäi huet et aus alle Richtunge gepiipst. No 10 Minutten ëmmer nees probéieren, huet et du geklappt. An et war en Erliefnis festzestellen, dass esou vill Vulle gepaff hunn. Mat eisen zwou Hänn hu mer eng Spektiv virun d'A gemaach. Hei an tatsächlech, lo hu mer se och nach gesinn!

RTL

© pixabay

Kanner brauchen Aventuren dobaussen an der Natur. Si kënne sech austoben a léieren hir Ëmwelt kennen. Donieft stäerkt et och hir Perséinlechkeet, allerdéngs ass et net ëmmer ganz einfach se dofir ze begeeschteren. Mee wann den Zougang bis do ass, wat an der Reegel net laang dauert, da sinn der Fantasie an der Kreativitéit keng Grenze méi gesat. An dofir brauch een... guer näischt:

Wéi wär et mat Steng, Bengelen oder Blieder e Mandala ze leeën? Oder en TicTacToe - dräi en enger Rei gewënnt. Et brauch ee just véier Bengelen, a Steng als Spillfiguren. Oder Blieder, Holz, Moos, Steng a wat ee soss fënnt op en Duch leeën, an dann ëmmer eppes ewechhuelen, deen anere muss d'Aen zoumaachen an dono da rode wat feelt. Oder e Kand leet sech op de Buedem an déi aner maachen e Kontur ronderëm mat Blieder Bengelen a Moos, da steet d'Kand op an dann huet een eng Silhouette.

RTL

© pixabay

Dat sinn elo nëmmen e puer Beispiller, an et brauch ee mol keng Spillsaachen. Zesumme fënnt een nach méi Iddien, wéi en Nascht oder eng Hütt bauen, Saache fir e Beienhotel sammelen, Steng oder Fiedere sammelen, Friichten oder Planzen entdecken - d'Natur ass voller Kaddoen!

RTL

© pixabay