E Sonndeg ass neess den 20. a ronderëm all 20. vum Mount feiere mir den 20. Gebuertsdag vun der Bäckerei Jos & Jean-Marie. Dee sympathesche Familljebetrib vu Mäerzeg feiert an Dir kritt d'Kaddoen! Haut, op der 3. Etapp vun der Gebuertsroadshow, gidd Dir op Nummer 80 an der Nidderkuerer Strooss zu Suessem verwinnt! Jiddereen, deen haut nach dohi kënnt, kritt nët nëmmen eng gratis Bretzel, mee e kann och mat engem QR-Code op de Produkter e komplette Sonndesdësch am Wäert vun 250 € gewannen. An de Camille mécht eis elo live vu Suessem de Mond wässereg, gudde Mëtteg...

Reportage 20 Joer JJM Sanem 1

Also: alles op Suessem! Loosst Iech verwinnen a mat e bësse Chance sidd Dir dann ee vun eisen 3 Gewënner vun deem formidabele Sonndesdësch am Wäert vun all Kéier 250 €! A fir all déi Spezialitéite vu Jos & Jean-Marie ze entdecken, surft einfach op jjm.lu