Uebst a Geméis ginn esou séier futti a gesinn an engem Nu net méi schéin a gesond aus wann ee se net richteg versuergt. Fir dass manner Liewensmëttel an der Dreckskëscht landen huet d'Michelle Reiter e puer Tricker wéi sech Äerdbier, Muerten an Zalot a Co sech méi laang halen.

21/03/2022 Gréng Minutten: Wéi hale Liewensmëttel sech méi laang? (Internet)

Vun A bis Z also wann ee wëll. Vun Äerdbier bis Zalot. Fänke mer dann u mat deem rouden Uebst mat de mini Kären wat oballefall an de Frigo gehéiert well sech séier Bakterien a Keimen op där zaarter Uewerfläch ofsetzen. D'Keelt mécht, dass déi Keimen sech manner séier ausbreeden. Muerten a Réidercher hale sech am schéinsten an enger Plastiks Box am Geméisfach vum Frigo. Sou kann een Réidercher mindestens eng Woch laang, a Muerten nach méi laang. Mat der Zalot ass et och dacks esou eng quokeleg Geschicht. Déi sollt een nom akafen auspaken, gutt wäschen an dréche schleideren an dann am beschten portiounsweis an zoue Plastikstute paken oder an engem fiichten Kichenduch versuergen, sou bleift en zwee bis dräi Deeg frësch. D'Kornischongen sollt een nom kafen am beschten och ofwäschen, ofdréchnen a och an e fiicht Duch wéckelen an dann an d'Geméisfach am Killschaf. Déi Saach mat den Tomaten ass och ëmmer delikat mee déi gehéieren net an de Frigo, eng Saach déi dacks falsch gemaach gëtt. Si sollen am beschten an enger Schossel versuergt ginn well si gi weider méi zeideg an dobäi setze si de Gas Ethylen fräi. Dofir geet et den Tomaten och am beschten wann ee si eleng léisst a separat lagert. Och Paprika, Auberginnen an Zucchini bleiwe besser aus dem Frigo eraus well si sinn net frou mat der Keelt an duerch hir dach awer méi déck Schuel si si gutt géint Keime geschützt. Wien et gär däischter a kill huet, dat sinn d'Gromperen an d'Zwiwwelen. Eng Gromper produzéiert am anere Fall gëftege Solanin, déi gréng Flacken an déi wäiss Keimen. An d'Kraider? Mat deenen ass et net, dass ee se ka wéi eng Blumm an e Glas stellen well do gi se och wieleg. Besser ass et fir d'Gekraiders an enger Platikbox am Frigo ze versuergen. Wat een net laang am Frigo soll halen, dat sinn d'Champignonen, déi sollen am beschten den zweeten Dag scho gekacht a giess ginn. Dat sinn e puer Iddien fir manner Uebst a Geméis ewech ze geheien.

Esou gesinn d'Saachen méi laang appetitlech aus, et schount een d'Ëmwelt an et kënne Sue gespuert ginn.