Wann e Mënsch engem Dokter wéinstens ka soen oder weisen wou et wéi deet a wéi vill, dann ass en Déierendokter do éischter op seng laang Erfarung ugewisen. Eis RTL Déierendoktesch Romi Roth huet haut e Fall derbäi, deen sech herno anescht erausgestallt huet wéi geduecht.

24/03/2022 Déierentipp: d'Lotty mécht kleng Krisen

D´Lotty, e Bichons-Meedchen vun aacht Joer, huet zanter Laangem ëmmer nees kleng Krisen gemaach. Seng Meeschtesch hat eis e puer där Attacken mam Handy gefilmt: do huet een d´Lotty gesinn, dat ganz duercherneen hin an hier bëselt, da wéi festgeneelt op eemol riicht stoe bleift a ganz komesch ziddert. Déi Ufäll hunn e puer Minutte gedauert, virdrun an duerno war et ëmmer e bësse méi unhänglech oder ass sech verstoppe gang. Well grad Bichonen nawell gär ee „White Shaker“ kréien, eng Krankheet vum Gehier, déi sech am Ufank grad esou weise géif, hu mir der Saach missen op de Fong goen.

24-03-2022 Déierentipps - Romi Roth - Lotti mecht kleng Krisen

Wier dee White Shaker dann ze heelen?

Déi Pathologie mécht degenerativ Verännerungen am Gehier, wéi och beim Alzheimer bei de Leit, an ass grad esou mann ze heelen. Beim Lotty war dunn glécklecherweis eppes aneschtes d'Ursaach vun deene Krisen. Nodeems de Mippche laang ënnersicht gi war an déi vill Labosanalysen och kee Resultat bruecht haten, huet seng Meeschtesch eis op eemol erzielt, owes géif si mat him zesummen d'Televisioun kucken an e bësse schneeken. Natierlech wollte mir wëssen, wat dann eis Muppepatientin do fir Schlabäizercher krit. D'Äntwert war dem Lotty säin Diagnostik. Hatt huet all Owend e Stéck ganz schwaarze Schockela kritt. Net genuch fir drun ze stierwen, mä fir seng Krämpercher z'erklären ass et déck duer gaangen.

24-03-2022 Déierentipps - Romi Roth - Owes gëtt geschneeekt