Gläich zwee Projeten huet d'Fotografin Jessica Theis am Kader vun Esch2022. Zwee Projeten, déi och ganz visibel sinn. Eemol sinn dat groussformateg Fotoen, déi den Offall weisen, dee wëll dorëmmer an der Natur ze fannen ass. An eemol sinn et al Telefonskabinnen, an deenen een invitéiert ass e Selfie ze maachen an dofir e ganz besonneschen Hannergrond huet.

28/03/2022 '1001 Tonnen' an 'Spieglein Spieglein' vum Jessica Theis

D'Jessica Theis ass professionell Fotografin an huet sech gefreet, datt hir zwee Projeten dann och bei Esch2022 ugeholl goufen.
Ee vun de Theeme vun Esch ass Remix Nature an do passt de Projet 1001 Tonnen ganz gutt dran.

Net nëmme geknipst huet d'Jessica Theis dësen Dreck, mee en deelweis selwer opgeraff oder e gemellt. Et ass exklusiv Lëtzebuerger Offall, woubäi net huet misse vill derno gesicht ginn.

Fir op d'Theema opmierksam ze maachen, sinn elo groussformateg Fotoen an de Gemenge Schëffleng, Péiteng, Esch a Beetebuerg verdeelt. An enger zweeter Phas wäerten och esou Panneauen laanscht d'Autobunnen an d'Landstroossen am Summer opgestallt ginn. An an der drëtter Phas ass am Juni am Batiment 4 zu Esch eng Expo, bei där och e Buch virgestallt gëtt a wou een och bei Opraff-Aktioune soll matmaachen. A fir d'Rentrée geet d'Jessika Theis och nach an d'Schoulen.

Deen zweete Projet vum Jessica Theis heescht "Spieglein Spieglein, Miroir Miroir" an dee begéint een och elo schonn zu Esch an an de franséische Gemengen Ottange, Aumetz a Boullange. An do soll ee säin Handy derbäi hunn.

Intressant ass, datt een an der Kabinn e fotograféierten Hannergrond op der enger Säit huet an e Spigel op där anerer Säit. Um Enn ass een op sengem Selfie dann op zwou Plaze gläichzäiteg ze gesinn.

No 3 Méint wanderen dës Kabinnen dann op Schëffleng an op Déifferdeng an nach aner franséisch Gemengen. An am Dezember gëtt et zu Uewerkuer am H2O och eng Ausstellung mat de Selfien.