Eis Déieren hunn heiansdo Naupen wou ee sech nëmmen wonnere kann. Dat sinn bal Gewunnechten déi se sech mat der Zäit erginn, dat kann awer och sinn dass e gréissere Problem domadder zesummenhänkt oder carrement eng Krankheet sech derhannert verstoppt, wéi am Fall deen d'RTL Déierendoktesch Romi Roth haut matbruecht huet.

De butzege Malti-Chi Gibbs, en Hybridmippchen aus de Rassen Chihuahua a Bichon, war bal non-stop am Gaang, sech op louche Manéier mat engem giele Plüschepetz ze ameséieren. Wat u sech kee gestéiert hätt, wann hien domat net esou lues richteg och krank gi wier. Um Enn wollt hien bal net méi friessen an hat op eemol och säi Pippimännchen - wéi ee sech denke kann - vun elauter Rammelstress ferm entzünt. Säi Meeschter wollt hien awer nach ëmmer net kastréiere loossen: et wier géint dem Déier seng Natur an säi Gibbs géif dovunner och déck a granzeg ginn.

29-03-2022 Deierentipp - Romi Roth - chemescht kastréiieren - Diagnos

Dat ass jo awer heiansdo och no enger Kastratioun esou?

Wat de kastréierten Hond méi kleng ass, wat méi Ersatz-Testosterone vun de Niewennieren produzéiert gëtt, wat mécht, datt ee bei klenge Muppen meeschtens guer näischt dervu mierkt an de Patient selwer och weider net. Fier awer ze kucken, wéi de Gibbs sech no enger Kastratioun fillen a behuele géif, gëtt et haut eng ganz gutt Hëllef: d´Chemesch Kastratioun mam sou genannte Suprelorin-Chip. Am Fong näischt aneschtes wéi eng Piqûre tëscht d´Schëllerblieder, déi 6 Méint hält. De Gibbs war domat esou gutt, dass seng Leit sech um Enn dunn awer fir d´chirurgescht

29-03-2022 Déierentipp - Romi Roth - chemescht kastréieren - Virdeeler