Grouss Nimm op Lëtzebuerg bréngen a gläichzäiteg lokale Kënschtler eng Bün bidden: dat ass de But vum Festival USINA22 zu Diddeleng op der Schmelz. D‘Stad Diddeleng, den Atelier, de Gudde Wëllen an Esch2022 hunn zesumme geschafft fir en ofwiesslungsräiche Programm an engem historesche Kader op d‘Been ze stellen.

01/04/2022 Usina22

"Usina", dat war en Deel vum Slang vun den italieneschen Immigranten di um Ufank vum leschte Joerhonnert op Lëtzebuerg komm sinn. Si hunn domadder hir Aarbechtsplaz, den Héichuewen, bezeechent. Eng Zort Kulturaustausch tëschent der italienescher Sprooch an der lëtzebuergescher Industrie, wéi den John Rech zielt.

RTL

© Jean-Marc Turmes

31/03/2022_jmt_clip1_Usina

JR: "D‘Iddi fir de Festival "Usina" ze nennen kënnt aus dem Sproochgebrauch vun der Schmelz. Et ass eent vu de Geheimwierder  vum Langage vun der Schmëlz vu virun 100 Joer. Et ass iwwert di italienesch Gaaschtaarbechter komm di dann och duerno hei bliwwe sinn an eise Süden vill markéiert hunn. Natierlech ass et och eng Referenz un d‘Vergaangenheet, un d‘Géigewaart, un d‘Zukunft vum Site, op deem de Festival stattfënnt."

Nieft internationale Bands wéi Kings of Leon an Caribou ass och de Lëtzebuerger Grupp TUYS mat derbäi. Ausserdeem wäert mam Ensemble ‚Siegfried & Joy‘ och en Zauberduo ze gesi sinn an d‘DKollektiv wäert mat Installatiounen de Festivalsite beräicheren. Déi Villfalt fënnt sech och op der organisatorescher Säit erëm.

31/03/2022_jmt_clip2_Vill acteure kommen zesummen

MW: "Et ass fir déi éischte Kéier dass mer e Projet hunn, wou sou vill Kulturhaiser, Institutiounen, Acteuren zu Lëtzebuerg zesummen op ee Site kommen."

De Michel Welter vun A-Promotions betount och den architektoneschen Charakter vum Festival: Tëscht alen Héichiewen, matzen an enger Stad, ass et méi flott wéi op engem Feld. Et geet den Organisateuren och dorëms d‘Kulturhaiser am Land ze presentéieren an se engem neie Public virzestellen.

RTL

© Jean-Marc Turmes

31/03/2022_jmt_clip3_Programm Villfalt Lëtzebuerg

LH: "Mer hunn e Programm dee super villfälteg ass an dem Publikum hoffentlech wäert weisen wat d‘Villfalt vun der Offer hei zu Lëtzebuerg ass."

Och dem Luka Heindrichs vum Gudde Wëllen ass dru geleeën et de Leit einfach ze maache fir lokal a kleng Kënschtler ze entdecken: den Haaptakt ass Grond genuch dohinner ze goen a wie wëll ka sech och nach op d‘Diversitéit vum Programm aloossen.

RTL

© Jean-Marc Turmes

Rendez-vous ass den 11. an 12. Juni zu Diddeleng op der Schmelz. Fir den éischten Dag mat de Kings of Leon als Headliner kascht den Entrée 39euro, den zweeten Dag ass gratis. Ticketen fannt Der op usina.lu.