Fréier huet ee gesot, dass zu engem gudden Kiermesbal och eng anstänneg Kläpp derzougehéiert huet. Dat war fréier wou nach alles méi ongehuwwelt war. Hautdesdaags ass et awer éischter nach schlëmmer ginn an och dee bessere Pak moosst deem aneren emol eng erof. Ob den Oliver Pocher dru gleewe muss oder de Will Smith deen ass, deen ausdeelt. A well dat déi lescht Zäit nawell heefeg de Fall war, an nach ëmmer nei Detailer erauskommen wollte mir kucken op dat just moralesch verwerflech ass oder op do och nach vum Gesetz hier eppes nokomme kann. D'Fro un den Affekot Jean-Jacques Schonckert.

05/04/2022 Fro den Affekot: Coups et blessures