De Marius Sinn kennt sech mat der Bestëmmung, dem Ubau, an der Verwäertung vu wëlle Planze beschtens aus. Dass een e richtege Bezuch zu enger Planz opbaue kann, muss een sech an der éischter Linn fir d'Planz interesséieren. An dat léiert ee just wann ee sech mat der Natur verbënnt. Dat huet d'Michèle Schons haut gemaach, wat mam Marius Planze sammele war an se duerno verschafft- ... a scho giess huet, Michèle?

11/05/2022 Krautkind - Kann ee mat wëlle Planzen iwwerliewen?

Beim Marius Sinn zu Holz, dem Krautkind kann een net nëmme Kraider- a Wëllplanzewanderunge maache, wou ee léiert d'Planzen ze bestëmmen, an dermat ze kachen, ma et kann een och léieren wat fir eng Planzen een an der Naturkosmetik asetze kann a wéi.   

 

RTL

© miSchons

Eppes ganz Spannendes wat de Marius nach ubitt ass d'Survival-Wanderung, wou ee genee léiert, wéi ee mat wëlle Planzen am Bësch iwwerliewe kann. Hei gëtt e puer Deeg laang gewandert an de Fokus läit drop fir wëll Planzen ze bestëmmen an och gëfteg Doppelgänger z'evitéieren. Et gëtt eng Hand voll Planzen all Dag gesammelt, an dräimol den Dag domat eppes gekacht. 

RTL

© krautkind.de

Et geet och net nëmmen drëms fir Planzen ze sammelen an domat ze kachen, ma och fir d'Planzen ze schützen. Dofir soll een t'éischt kucken op de Bestand grouss genuch ass, da sammelt a pléckt een esou dass d'Planz net zerstéiert gëtt, an och wierklech just dat wat ee brauch, an net am Iwwerfloss, wat een herno ewechgeheit. 

RTL

© krautkind.de

RTL

© krautkind.de

Et gëtt och invasiv Planzen déi op schwaarze Lëschte stinn, déi kann een dann och fort maachen a Plaz maache fir nëtzlech Planzen, dass och méi Diversitéit entsteet. 

RTL

© krautkind.de

RTL

© miSchons

RTL

© miSchons