Wann een vun Vaccinatioun schwätzt, dann ass dat a leschter Zäit e Wuert gewiescht wou vill driwwer gestridden an kontrovers driwwer diskutéiert gouf. Elo geet et awer ëm Déieren an eng Krankheet déi net vun haut a gëscht ass. D'RTL Déierendoktesch Romi Roth kläert eis op.

Dem Willy seng Leit wollten en  mat op Mallorca huelen. Si si bei Frënn invitéiert, déi am Norden vun der Insel eng Finca mat vill Terrain ronderëm hunn. Dowéinst, a fir dem ale, kranke Mupp vun deene Leit Gesellschaft ze leeschten, wier de klenge Puddel och ganz wëllkomm gewiescht. An Mat-op-Mallorca-Fléien wier och eng aner Gei wéi d´Muppepensioun, wou hien ëmmer léif versuergt gëtt, mä an engem Zwinger séiz. Dem Willy seng Meeschtesch huet emol an der Praxis ugeruff fir ze froen, op wat fir d´Rees am Fliger an op Mallorca selwer fir e Mupp vun hei opgepasst gi misst.

07-04-2022 Deierentipp - Romi Roth - Leishmanios

Well et gëtt jo och Déieren, déi esouguer schonn den Auto schlecht verdroen

De Vol war net de Problem. Hien flitt reegelméisseg mat op Wien, wou eent vun de Kanner wunnt. Méi problematesch war, dass de Filou, deen ale, kranke Mupp vun de Frënn op Mallorca eng ganz speziell an och ustiechend Kränkt hat. D'Leishmanios. Dat ass eng Parasitte-Krankheet, déi a waarme Géigenden iwwer Sandmécken op d'Honn iwwerdroe gëtt an iwwer Schwieren un der Haut an der Schläimhaut vum Daarm, Schied un de Nieren, der Liewer an der Mëlz déidlech krank mécht. zwar gëtt et neierdéngs eng Impfung déi de Risiko vill méi kleng mécht an dowéinst fir all Mupp ze roden ass, déi mat un d'Mettelmier geholl gëtt. Dem Willy seng Leit hunn de klenge Ritt dunn awer léiwer mat der Heibleifskärchen an d'Pensioun bruecht.

07-04-2022 Deierentipp - Romi Roth - Vaccinatioun