D'Leit ronderëm een schnuddelen an houschten. Elo wou mir nees méi Zäit dobannen verbréngen an och d'Coronamesüren opgehuewe goufen, verbreede sech d'Viren nach méi wéi soss. Déi kleng Erkältungen, d'Gripp an de Corona ginn all vu Viren iwwerdroen, allerdéngs ginn et Ënnerscheeder bei der Erkrankung. Mir hunn nogefrot beim Generaliste Dr. Jean-Paul Schwartz.

11/04/2022 Gripp oder Corona

Dokter Jean-Paul Schwartz: Et ass fiicht dobaussen an net méi ganz angeneem, da gi mer a gehëtzte Raim wou mer dann effektiv méi Particullen hunn an da stieche mer eis géigesäiteg un an da ginn déi aner Viren natierlech virun.

Eng Gripp an eng Erkältung misst een och kloer sproochlech ënnerscheeden, och wann een d'Tendenz huet am Sproochgebrauch dat gläich ze setzen.
Dokter Jean-Paul Schwartz: D'Leit benotzen am lëtzebuergeschen "Ech hunn d'Gripp", mä dat ass dann eng einfach Erkältung. Déi richteg Gripp, gewéinlech erënnert ee sech wann een esou eng hat.

RTL

© pixabay.com

Wat sinn dann d'Ënnerscheeder bei den Erkrankungen?
Jean-Paul Schwartz: De Corona-Virus kann ouni Féiwer sinn, e kann och nëmmen mat engem Schnapp oder mat e bëssen Onwuelsinn ufänken. An e Rhino-Virus, dee kann e bëssen e Schnapp hunn, ganz liicht sinn. E Grippe-Virus ass klassescherweis awer mat Féiwer verbonne, dee schléit am Fong méi an. 

Et ass virun allem d'Féiwer, dat engem ze schaffe mécht bei enger Gripp an een sech richteg schlecht spiert. Huet ee Féiwer, da soll ee sech bei sengem Hausdokter mellen. Dem Dr Schwartz no wieren d'Gestes barrières weider e gudde Schutz fir dem Virus kënnen aus dem Wee ze goen.
Jean-Paul Schwartz: "D'Gestes-barrières sinn effikass. Et gëtt net vill méi, et kann een och net vill anhuelen fir kee Virus ze kréien. Dat ass säin eegent Immunsystem wat dat ofwiert. Dréche Loft, waarm Loft ass ëmmer bannen ganz schlecht, dat ass ideal fir de Virus, dee spréngt dann op d'Schläimhaut  an dat sinn ideal Konditiounen fir de Virus fir sech op der Schläimhaut ze vermehren.

 

Zur Zäit wieren et vill jonk Leit, déi sech mat der richteger Gripp géifen infizéieren. Vill méi wéi elo al Matmënschen, déi nach dacks hir Mask unhalen an op Distanz bleiwen.

RTL

© pixabay.com