Epilepsie ass eng Krankheet, bei där d'Gehier oder eenzel Beräicher aus dem Gehier iwwerméisseg aktiv sinn an ze vill Signaler ofginn.  A wat fir de Mënsch gëllt dat kann och bei engem Déier zoutreffen. d'RTL Déierendoktesch Romi Roth huet e Beispill wou de Fall zimmlech aussergewéinlech war.

12/04/2022 Déierendoktesch

Reegelméisseg an mat ëmmer méi kuerzen Intervallen ass de Lucky, en Jack Russel vun 10 Joer an d´Kränkt gefall. Um Enn waren et tëscht 3 a 5 Krisen den Dag, déi op den Handysfilmer, déi seng Leit mat an d´Praxis bruecht haten, no klasseschen epilepteschen Attacken ausgesinn hunn. Well déi epileptesch Krämp a ville Fäll a besonnesch bei méi alen Honn duerch eppes ausgeléist ginn, wat mat de banneschten Organer net an der Rei ass, goufe séier emol Stull- a Bluttanalysen gemaach. Dobäi koum eraus, dass dem Lucky säi Bluttzocker vill ze niddreg war.

12-04-2022 Deierentipp - Romi Roth (1) Epilepsie - Analyse

Vläicht haten d´Leit hien virun der Visitt an der Praxis erniichter gelooss?

Dowéinst gëtt an esou Fäll dann ëmmer och nom "Fructosamin", dat ass eng Zort Laangzäitzocker am Blutt gekuckt. Deen geet net esou séier duerch Opreegung an d'luucht oder duerch aner Ursaachen erof. Beim Lucky war och de Fructosamin-Wäert ze vill niddreg. d'Ursaach dovu war, dass den Insulinspiggel, wéi vun engem auswäertege Labo erausfonnt gouf, ze héich war. De Lucky hat e sougenannten Insulinom, dat ass eng Wucherung um Pankreas, der Bauchspeicheldrüs, aus Zellen, déi ze vill Insulin fabrizéieren an domat Ënnerzocker maachen. A well de Mupp fir seng Rass, nach net ze al a bei gudder Gesondheet war, konnt en un enger Universitéitsklinik un där Tumeur operéiert ginn. Seng Epilepsie war direkt duerno och verschwonne.

12-04-2022 Deierentipp - Romi Roth (2) Epilepsie Behandlung