Elo ëm Ouschtere goufen erëm méi Eeër giess wéi soss. An da kritt ee gäre gesot, dach un de Cholesterol oder d'Salmonellen ze denken. An ze vill Eeër wieren och net gutt. Mee wéi seriö sinn esou Warnungen dann a wéi vill Eeër kann een ouni Risk erafeieren? De Jeff Rossler huet sech informéiert.

19/04/2022 Ze vill Eeër? (Internet)

Dacks moies en Ee iessen, wier schlecht fir d'Häerz op Dauer. D'Ernärungswëssenschaft kann een do awer berouegen: An Eeër sinn héichwäertege Protein, Vitaminn A, B & D an och eng Rei Mineralstoffer dran. Hei gëllt erëm d'Reegel: D'Dosis mécht d'Gëft. En Ee vun ongeféier 60g huet ronn 240mg Cholesterol. Elo duerf een dovunner net onendlech vill iessen, mee um Stand vun der haiteger Wëssenschaft gouf elo nach kee Maximum ernannt, wéi vill Eeër een iesse sollt.

Wéi genee sech den Eeërkonsum op de Cholesterolspigel auswierkt, ass net gewosst, well et och vum Rescht vun der Ernärung an nach anere Faktoren zesummenhänkt, wéi vill Cholesterol e Kierper ophëlt. Fait ass awer: De Kierper kann déi eege Cholesterolproduktioun bremsen, wann en iwwert d'Iessen ze vill zou sech hëlt.

Fir ze kucken ob Eeër wierklech schiedlech sinn, goufe souguer e puer Studie gemaach, mat iwwer 170.000 Leit an iwwer 50 Länner. Déi Etüde goufen zum Deel iwwer 10 Joer gemaach a wat erauskoum, weess den Dr. Marc Keipes, Direkter vum Zitha-Gesondheetszenter.

Dr. Marc Keipes: Hei konnt een näischt Negatives fannen tëscht dem Eeërkonsum an den Erkrankungen, déi typescherweis Häerzinfarkt oder Hiereschlag sinn. Eeër sinn eng einfach a bëlleg Proteinsquell, déi vill disponibel ass, besonnesch och a Schwellelänner. Dofir kann een op alle Fall net dovunner ofroden Eeër ze consomméieren an et kann ee soen, richteg grousse Schued, konnt ee bei sou enger riseger Zuel vu Leit net festgestallt ginn.

Eeër hunn och méi seelen e Problem mat Salmonellen. Héngerbetriber ginn ëmmer gutt iwwerwaacht an d'Hénger selwer gi géint Salmonelle geimpft. Zu 100% kann ee Salmonellen awer net ausschléissen a se si vu baussen och net erkennbar. Sollt Dir d'Ee kachen o.ä. oder dir benotzt réi Eeër, déi frësch sinn, da sollt Dir kee Problem domadder hunn.

Da sollt een och oppassen, dass een d'Eeër ësst éier se oflafen. Den Oflafdatum ass meeschtens 4 Wochen, nodeems en Ee geluecht gouf. Sollt Dir Iech net sécher sinn,ob en Ee nach gutt ass, maacht den Test mam Glas Waasser: Wann Dir en Ee an d'Waasser leet an et bleift um Buedem leien, ass et frësch. Wat d'Ee méi am Waasser schwieft, wat méi Loft bannen am Ee ass, wat indiquéiert, dass d'Ee net méi ganz esou frësch ass.