Firwat huet de Mënsch d'Kazen sou gär? Well se och Gefiller weisen. Mä heiansdo hu Kazen, genee wéi mir Mënschen och, hir Gefiller net am Grëff, an dat kënnt och mat der Joreszäit zesummenhänken. D'RTL Déierendoktesch Romi Roth huet dës Feststellung nees gemaach.

Eng genervte Madamm rifft an der Praxis un: hier siamesesch Kazen Lady a Missy wiere krank. Si géifen nuechtelaang immens haart jäizen, et krit ee keen A méi zou. An et wier och net déi éischte Kéier, dass si sech op déi Manéier fir e puer Woche opféiere géifen. Dës Lescht hätte si elo nach dermat ugefaangen, iwwerall am Haus Pippi ze maachen. Nodeems aus dem Gespréich kloer gouf, dass d´Kazen net steriliséiert waren, stoung fir eemol schonn um Telefon d´Diagnos fest: d´Missy an d´Lady ware kuedereg, an dat net ze knapps!

21-04-2022 Déierentipp - Romi Roth - Fréijorsgefiller bei der Kaz - Analys

Gëtt et  da net eng Pëll oder Piqûre fir géint déi Kuederegkeet?

Dat war och d´Fro vun der Kazemeeschtech, déi hier soss gesond Déiercher am léifsten net operéiere gelooss hätt. An et gëtt effektiv och eng Zort Antibaby-Medezin fir Kazen. Mais déi  Hormon-Behandlung féiert bei der Kaz ëmmer zu schwéiere Komplikatiounen, vun deenen eng eetreg "Gebärmutterentzündung" net déi schlëmmst ass. D´Kastratioun ass déi bescht Method fir bei der Kaz esouwuel d´Kuederegkeet wéi och de Nowuess ze verhënneren. A wéi déi Fäll beweisen, wou een enger Kaz déi sou genannt Komfort-OP erspuere wollt an déi du schwéier kriibskrank gouf, och déi eenzeg richteg. D´Lady an d´Missy si séier kastréiert ginn a waren no enger Therapie géint hier Blosereizung duerch déi lang Kuederegkeet no e puer Wochen och nees ganz propper am Haus

21-04-2022 Deierentipp - Romi Roth (2) Freijorsgefiller bei der Kaz - Leisung