Verschidden Téin dinn eis net nëmmen an den Ouere wéi, mee ginn duerch de ganze Kierper. Eng Rëtsch Geräischer ginn esou vun der Allgemengheet gehaasst, dass engem direkt schonn 1-2 Saachen an de Kapp schéisse wann een driwwer schwätzt. Haut um Dag vum Kaméidi wollte mir mol kucke, wéi eng Geräischer eis am meeschten op de Nerv ginn. De Jeff Rossler huet sech geaffert a sech de Kaméidi ugelauschtert.

27/04/2022 Wéi eng Geräischer sinn déi Schlëmmst? (Internet)

Déi meescht desagreabel Téin hu virun allem enges gemeinsam: Se sinn all nawell héich. Vun engem bestëmmte Frequenzberäich un, ass eist Gehéier am empfindlechsten an do ass et quasi an eisem Urinstinkt dran, eis viru Gefore virzewarnen, quasi wéi bei enger Sireen. Mee wéi eng Téin nerven d’Leit elo am meeschten? Ënnert de schlëmmste Kandidaten hu mer als éischt eppes, dat schonn fir eng sëlleg onroueg Nuechte gesuergt huet: D’Summe vun enger Mustik. Dat Geräisch gëtt do dann nach méi schlëmm, jee méi dacks een et héiert, wärend een d’Insekt fir d’Vrecke net gesäit.

Wärend ee sech op engem Concert éischter Téin erhofft, déi ee gären héiert, ka beim Soundcheck oder bei schlechter Technik en Toun kommen, deen ee wierklech net héiere wëll: Mikro Réckkopplung. Dat geschitt wann de Mikro sech ouni Enn ëmmer erëm selwer ophëlt. Den Toun kënnt aus de Lautsprecher eraus, de Mikro hëlt den Toun erëm op, de Lautsprecher gëtt dat ganz erëm eraus, an dat widderhëlt sech, bis een dat desagreabelt Piipsen héiert.

Egal ob am Restaurant, am Bus oder soss wou dobaussen: Kanner, déi jäizen, sinn och nawell onbeléift, sou laang et net déi eege sinn. An dat héiere mir och besser wéi soss eppes. Virun allem bei de Mammen ass d’Gehier ëmsou méi drop gepoolt, kleng Kanner ze héiere wa se kräischen. Dat geet esou wäit, dass se bei méi helle Stëmme souguer méi séier erwächen.

Apropos Kanner: Eng gutt Rëtsch Leit si sécher zanter der Kandheet kee grousse Fan vum Zänndokter. Net nëmmen dorunner wéi en eis am Mond erëmfummelt, mee virun allem säi Buerer bleift ville Leit éischter negativ an Erënnerung. Deem kann een och net wierklech entkommen, wa grad an eisen Zänn gebuert gëtt. Do heescht et just: Oueren zou an duerch.

Soss sinn d’Leit virun allem keng Frënn vu Krazgeräischer. Virun allem d’Läffelsgeschier um Teller oder d’Fangerneel an d’Kräid un der Tafel, bei deenen béid geet engem Héngerhaut aus a se si scho bal Klischee, wann et ëm desagreabel Saache geet.

D'Ausname bestätegen awer och d'Reegel: E Geräisch, dat och nawell onbeléift war, mee awer net ganz esou héich kléngt, ass d'Geräisch wann ee sech iwwergëtt.