Geräischer kënnen eis all mol op d'Nerve goen. Mä kënnen se eis nëmmen d'Laun verdierwen oder geet dat nach méi wäit? Haut ass de Weltdag géint de Kaméidi an de Jeff Rossler huet gekuckt, wéi krank eis d'Geräischer maache kënnen.

27/04/2022 Kënne Geräischer krank maachen? (Internet)

Mir si quasi permanent Geräischer ausgesat. Am Duerchschnëtt héiere mir ronn 40 bis 50dB ronderëm eis, bei engem Gespréich vläicht souguer 60db. U sech ass dat nach ze erdroen, mee et hänkt dovunner of, wéi laang mir dësem Volume ausgesat sinn, esou den ORL Dr. Gilles Weidig.

Dr. Gilles Weidig: Et muss een awer och bei dësen Dezibel-Zuele scho soen, wann een dësen op laang Dauer ausgesat ass, wat hautdesdaags leider ëmmer méi de Fall ass, well mir esou vill Ëmfeldgeräischer hunn, dass et do schonn zu Problemer komme kann. Dat heescht, datt do Stresshormoner ausgeschott ginn, duerch déi ee Problemer mam Bluttdrock oder Schlofstéierunge kréie kann. Dat kann och bis zu Depressioun oder méi schlëmm psychesch Erkrankunge goen.

Do ginn et leider och Situatioune wou d'Lautstäerkt méi haart ass, wou dann och eng kuerz Dauer scho méi geféierlech ka sinn. Eng Baustell kann ëm déi 80 an e Concert souguer iwwer 100dB haart ginn, wat manner op de Stress geet, mee éischter op wierkleche Schued am Ouer. Do gëtt et just eng Saach wéi ee wierklech virsiichteg ka sinn.

Dr. Gilles Weidig: D'Expositioun op de Kaméidi verhënneren. Do gëtt an de leschte Joer och méi gemaach, z.B. dass a Concertshalen net méi, wéi 100dB haart gespillt däerf ginn. Et gëtt awer och bei den Hiersteller vun Handyen z.B. Funktiounen, dass ee Musek mat net méi wéi 80dB ka lauschteren. Dat misst een dann bewosst ëmgoe fir et méi haart ze lauschteren.

Net nëmmen de Kaméidi selwer, mee och déi kierperlech Folge wéi Gehéierverloscht oder en Tinnitus, kënne sech op méi Manéieren nach negativ op de Mënsch auswierken. Soubal de Schued awer gemaach ass, kann een net méi vill maachen.

Dr. Gilles Weidig: Bei ganz akuten Traumaen ginn et ëmmer nach medikamentéis Therapien, déi leider awer net ëmmer de gewënschten Erfolleg hunn, wéi wëssenschaftlech Etüden och weisen. Wann et zu enger Stéierung vum Héiere kënnt, déi bleift an net méi reversibel ass, kann ee just nach en Héiergerät kréien.

An dësem Sënn ass et dann och gutt, d'Belaaschtung fir är Oueren ze ëmgoen, wann Dir kënnt. Dir kënnt e Concert z.B. nach ëmmer genee esou gutt héiere, wann Dir och Ouerestëpp un hutt.