Mam Fréijoer ass och eng weider Saison fir d'Sonnebrëller ugaangen. An där fënnt ee quasi op all Eck. Ma net all Brëll daacht eppes an et soll ee sech léiwer net verféiere loosse fir iergend e Ramsch ze kafen, just well et gutt ausgesäit, oder Nicky?

28042022 Firwat e gudde Sonnebrëll esou wichteg ass

Effektiv, net nëmmen eis Haut brauch am Summer Schutz - och eis Aen sinn den UV Strale ausgesat. Bleiwend Schied un der Lëns oder der Netzhaut sinn d'Konsequenz vu schlechte Sonnebrëller. Kléngt net flott, ass et och net! Well doduerch gesi mir dann och manner gutt. Vun dohier ass et besonnesch wichteg, dass d'Aen duerch e gudde Sonnebrëll geschützt ginn. Wie sech deemno beim Kaf vun engem Sonnebrëll nëmmen op d'Ausgesi verléisst, deen deet sengen Aen net ëmmer e Gefalen, Luc Nothum, Optiker: 
"Also meeschtens stinn ästhetesch Krittären un 1. Plaz beim Choix vun engem Sonnebrëll. Awer net all Glas wat däischter ass, protegéiert och virun der Sonn. Wat wichteg ass  emol de korrekte Schutz virun deene geféierlechen UV Stralen, woubäi d'Téinung vum Glas net onbedéngt relevant ass. Wichteg ass och, dass d'Glieser geschlaff sinn a fräi vun optesche Feeler si well dat kann den Ae ganz zolidd schueden."

Fir ze wëssen ob d'Glieser vun Ärem Sonnebrëll geschlaff sinn, gëtt et iwwregens e ganz einfachen Test: haalt de Sonnebrëll mat gestreckten Äerm virun Iech a probéiert eng riicht Linn ze fixéieren - gesitt Dir dës Linn verzerrt, da sinn d'Glieser net gutt verschafft. Dee Moment heescht et fort domadder!

E Sonnebrëll keeft een dann och am beschte beim Optiker.

"Brëller a Brëlleglieser sinn dem Optiker säi Beruff. E geléierten Optiker beréit seng de Client op seng reell Besoinen hin, dat heescht um Niveau vun der Qualitéit vum Produit, en ass ugepasst u seng perséinlech an optesch Situatioun. Am esthetesche Beräich sinn dem Optiker keng Grenze gesat an d'Qualitéit vum Glas ass an allen Hisiichte garantéiert. "

Éier et an de Brëllebuttek geet, soll ee sech awer och nach iwwerleeën firwat ee säi Sonnebrëll brauch, well hei ginn et 4 Kategorie vu Brëller:

"Vu Kategorie 1 bis 3 fir den alldeegleche Gebrauch an der Kategorie 4 fir eng extrem Belaaschtung, beispillsweis am Alpinismus. "

Markéierungen op de Glieser wéi "100 Prozent UV-Schutz" oder Änleches, ginn engem och eng gewësse Garantie. Allerdéngs net ëmmer an iwwerall. Et hänkt ganz dovunner of wou ee säi Brëll keeft. Well och déi ginn, genee sou wéi déi bekannte Marken, nawell gäre gefälscht.

Wann Dir wëllt op Nummer sécher goen, dass Dir Ären Aen net méi schlecht wéi recht maacht, da kaaft Äre Brëll am beschte bei deem deen eppes dovunner kennt, also beim Optiker!