D'Joer ass jo a Phasen ënnerdeelt, wou villes erëmkënnt, jee nodeems wéi eng Joreszäit grad am gaangen ass. Dat gëllt natierlech fir d'Natur, awer och bei den Déieren gëtt et Zäiten, wou verschidde Saachen aktuell sinn an anerer net. D'RTL Déierendoktesch Romi Roth huet sou e Beispill, dat elo nees villen Muppen an och hire Meeschteren ferme Misär mécht.

26/04/2022 Déierentipp: Nei Method bei Parasitten

De Jacky, e Golden Retriever vu siwe Joer, ass virun e puer Deeg nodeems hien gutt duerch de Bësch gefatzt war, alt nees dekoréiert mat Zecken wéi e Chrëschtbeemchen heemkomm. A well säi Meeschter virun e puer Joer selwer eng Borrelios erwëscht hat, un där hien ëmmer nach laboréiert, wollt d´Famill alles maachen fir hirem Mupp dee Misär ze erspueren. Wéi all Joer hu si hien dofir an d´Praxis bruecht fir géint d´Borrelios geimpft ze ginn. A bei der selwechter Geleeënheet wollte si, wéi soss, och e Parasitte-Collier fir hien mathuelen.

26-04-2022 Déierentipp - Romi Roth - Parasitten - Feststellung

Schued, dass et déi praktesch Deeler net och fir d´Leit gëtt

Rezent wëssenschaftlech Aarbechten weisen, dass nëmmen 13 där Zeckencollieren duergéingen fir e Rommelfeld vun 10.000m2 géint Blatläis ze behandelen. Well de Wierkstoff "Imidacloprid" aus deenen Antiparasittebänner och fir Beien héichgeféierlech ass, gouf dat Mëttel fir den Asaz géint Planze-Parasitten a ville Länner verbueden. Och fir d'Leit ass déi Moleküll esou schiedlech, dass op d'mannst grouss Honn mat esou engem Bändchen net sollen mat an d'Bett kommen, a kleng Kanner net dru spillen duerfen. Haut gëtt et dowéinst am beschten Pëllen fir eemol de Mount, déi gutt verdroe ginn an effikass géint all baussecht a bannescht Schmarotzer sinn

26-04-2022 Déierentipp - Romi Roth - Parasitten - Léisung