Well Muppen sech elo nees vill ronderëm dreiwen, wiisst d'Méiglechkeet dass se se sech eppes afänken. A wann eppes mam Flocki net stëmmt, da muss een dem Déierchen säin Behuelen observéieren a wann néideg bei den Veterinär mat him. D'RTL Déierendoktesch Romi Roth gëtt awer och zou, dass heiansdo e puer Krankheeten am Spill kënne sinn, an een dann eent nom aneren ausschléisse muss.

De Puddel Olaf war krank. Schonn zanter e puer Wochen huet den ee Joer ale Ritt bal op enger bal op enger anerer Patt gehippt.  Well hien beim trëppelen duerch de Bësch op eemol haart gejaut hat an dunn ëmgefall ass, gouf hien an d´Consultatioun bruet. Seng Leit haten e Verdacht op eng Zort Nervekrankheet mat Epilepsie. Mais vu dass den Olaf och komesch gehouscht huet an ëmmer nees Duerchfall hat, huet d´Famill och un eng Covid-Infektioun geduecht.

05-05-2022 Deierentipp - Romi Roth - E Parasit bei Honn - Feststellung

Awer de spezielle Schnelltest op Coronavirus bei Honn a Kazen war beim Olaf e puermol hannerteneen negativ.

Bei der Stullanalys awer waren eng Hellewull eenzelleg Parasitten ënnert dem Mikroskop ze gesinn, déi net gutt ze identifizéiere waren. An an de Bluttresultater war ze gesinn, dass dem jonke Ritt säi Kierper schwéier mat deene Parasitten am Clinch louch. Eng Ënnersichung op Antikierper géint ee Parasit, deen nach net laang fir Honnspatienten bekannt ass, den "Neospora caninum", war dunn héich positiv. All Symptomer vum Olaf waren domat erkläert: säin Hippen koum vun enger genereller Muskelentzündung, de komeschen Houscht vun enger Nervestéierung, déi de Schléckmechanissem gestéiert huet an den Duerchfall well dee Parasit och um Verdauungssystem säin Onwiesen dreift. Mat ganz héich doséierter Antibiotika-Behandlung ass de jonke Ritt haut vill besser. Ganz lass gëtt een dee Parasit, dee virun allem vu réiem Rëndsfleesch kennt, leider awer ni.

05-05-2022 Deierentipp - Romi Roth - E Parasit bei Honn - Behandlung