D'Zukunft vun eiser Gesellschaft sinn eis Kanner. Déi Wäerter a Kapazitéiten déi mer hinnen haut vermëttele sinn essentiell. Kanner sinn allerdéngs och déi schwächste Membere vun eiser Gesellschaft a leiden am allermeeschten ënner Aarmut, Gewalt an Trennung vun den Elteren. Bei de Kanner geet et ëm vill méi wéi just e puer Besoinen an et ass enorm wichteg dass een hinnen nolauschtert. Leider ass dat net ëmmer de Fall, an do kënnt de Kanner-Jugendtelefon an d'Spill. Den Internationalen Child Helpline Dag haut ass eng weider Geleeënheet fir iwwert d'Suerge vun eise Klengen, déi an de leschten zwee Joer dramatesch geklomme sinn, ze schwätzen. Michèle Schons?

17/05/2022 Haut ass den internationalen Child Helpline Dag

Du hues e Problem doheem, an der Schoul, mat denge Frënn, mat dengen Elteren oder och denge Gesëschter? Da kanns de ganz gären um Kanner-Jugendtelefon uruffen, wou's de en oppent Ouer fënns an eng Äntwert oder eng Léisung fir deng Suerge kriss. De Kanner- Jugendtelefon ass zanter 30 Joer am Asaz, liicht erreechbar a komplett anonym. D'Appellen hunn duerch d'Kris an de leschten zwee Joer dramatesch zougeholl. Besonnesch d'Testen an de Schoulen setzt ville Jonken zou, wann se virun enger Ofschlossaarbecht zum Beispill positiv getest goufen. Och vill kleng Schüler aus der Grondschoul wollten net méi an d'Schoul goen, wéinst deem ganze Stress vun de Mesuren. 

RTL

© kjt.lu

Wann een op dat lescht Joer zeréckkuckt huet och de Besoin fir d'Online Berodung am Beräich vun der psycho-sozialer Gesondheet ganz vill zougeholl, an Theme wéi Angscht, Depressiounen oder Trauer. Leider sinn och d'Therapieplazen de Moment relativ begrenzt, an d'Waardelëschte fir eng Therapie ze maachen, oder e RdV ze kréien.  

RTL

© kjt.lu

 

De Kanner-Jugendtelefon ass en éischte grousse Schrëtt zur Heelung an dacks hunn d'Kanner och de Courage no engem oder zwee Gespréicher de Kontakt mat den Elteren an engem Beroder ze sichen, deen hinnen op hirem Wee weiderhëlleft. De Kanner- Jugendtelefon ass eng Gespréichsoffer, sief et per Telefon, online oder och per Chat fir Kanner a Jugendlecher vun all Alter. En ass liicht z'erreechen a garantéiert och jidderengem absolut Anonymitéit.

D'Nummer ass den 116111

RTL

© kjt.lu