De Kanner-Jugendtelefon 116111 ass déi national Helpline fir Kanner a Jugendlecher net nëmmen hei zu Lëtzebuerg, ma och vun der internationaler Child-Helpline vum Verband. Child Helpline international vertrëtt 173 Leitungen aus 142 Länner. Wéi de KJT fonctionéiert, an och am Laf vun deene leschte Jore gewuess ass, dat huet d'Directrice Barbara Gorges Wagner dem Michèle Schons am Gespréich verroden:

17/05/2022 30 Joer Kanner- Jugendtelefon

Wann d'Kanner beim KJT uruffen, da fannen se en Uspriechpartner, deen nolauschtert a matdenkt. Een deen en Impuls ka ginn, fir dem jonke Mënsch ze hëllefen Situatiounen, Problemer an och Entwécklungsstatioune besser ze meeschteren. D'Beroder an d'Beroderinne schaffen éierenamtlech a ginn duerch eng breet gefächert Schoulung op hir Aufgab preparéiert. Zanter 30 Joer sëtzen se um Enn vun der Leitung wann e Kand seng Suerge wëll matdeelen.

RTL

© kjt.lu

Wann een iwwert d'Jore kuckt ass immens vill geschitt. Sief et d'Bot Campagne mat Videoen, Plakater, eng eegen englesch online Help an och elo zanter engem Joer d'Chatberodung. Dat alles ganz zäitgeméiss, an ëmmer am Flow, well wéi 2003 wéi den Internet bis um rulle war, koum direkt d'Online Berodung an d'Bee-Secure Helpline mat bäi.

RTL

D'Chatberodung ass als Peer to Peer Berodung opgebaut. Dat si Leit, déi duerch hir eegen Erfarunge ganz genee wësse wéi sech Konflikter ufillen, Sträit mat den Elteren, oder Mobbing. De KJT ass anonym, et brauch een net ze soen wien een ass a wou ee wunnt, keen anere gëtt gewuer wouriwwer s de schwätz an den Uruff ass gratis. D'Nummer 116111.

RTL

© kjt.lu